Déi Mesurë sinn elo zanter bal engem Mount en place. Dorënner d'Fermeture vun de Schoulen, déi op d'mannst nach bis de 4. Mee zoubleiwen.
D'Mesurë wäerte schrëttweis gelackert ginn, well och weiderhi muss drop opgepasst ginn, datt d'Zuel vun de Neiinfektiounen net esou séier an d'Luucht geet, datt d'Spideeler riskéiere mat Covid-19-Patienten iwwerfuerdert ze ginn, déi en Traitement brauchen. Am Nomëtteg sollen déi Decisiounen dann der Chamber an der Ëffentlechkeet ugekënnegt ginn.