Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Sir Archer - Heed The Call

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regierung schafft mat Héichdrock u Virschlag

Google

Regierung schafft mat Héichdrock u Virschlag

Google wëllt hei am Land e groussen Datacenter bauen. Well en initiale Projet zu Biissen gescheitert ass, hätt den US-Konzern nach gär dës Woch Kloerheet iwwer en alternative Site. Och zu Biissen.

auto_stories

1 min

D'Gebai vu Google zu Mountainview a Kalifornien (Foto: Bigstock / Bennymarty)

D'Regierung wëllt Google dëse Freideg e Site proposéiere fir de Bau vum gréissten Datacenter an der Groussregioun. Eenzeg konkret Optioun ass 100,7-Informatiounen no en Terrain vu 25 Hektar am Oste vu Biissen, net wäit ewech vum Formatiounszenter fir Automobilisten. Just ee vun de Proprietairë soll nach net iwwerzeegt sinn, fir seng Terrainen hierzeginn.

Zäitdrock well anere Projet gescheitert ass

Gutt informéierte Sourcen no war de Projet initial op engem anere Site zu Biissen geplangt, bei der Luxlait. Well dee Proprietaire sech géint e Verkaf vu sengen Terrainen decidéiert huet, huet misse kuerzfristeg en anere Site gesicht ginn.

De radio 100,7 hat d'lescht Woch gemellt, datt den US-Konzern Google en Datacenter zu Lëtzebuerg baue wëllt. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider (LSAP) huet dono erkläert, et géif eng Optioun zu Biissen ginn a Google wéilt nach dës Woch Kloerheet. Wéini Google eng definitiv Decisioun hëlt, ass nach onkloer.