Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Aldous Harding - Lawn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reform vun der Eurozon

Europäesch Unioun

Reform vun der Eurozon

D'Europäesch Kommissioun huet Propose virgeluecht, fir d'Eurozon ze reforméieren. Dobäi probéiert Bréissel verschiddenen deels kontradiktoresche Wënsch an den europäeschen Haaptstied gerecht ze ginn. Eng Ofspaltung vun den Euro-Länner vum Rëscht vun der EU soll verhënnert ginn. Och eng Ännerung vun den Traitéë soll op alle Fall evitéiert ginn. A ville Punkte bleiwen d'Proposen éischter flou a liwwere vill Stoff fir Diskussiounen.

auto_stories

5 min

"D'Europäesch Währungsunioun muss méi effizient a méi demokratesch ginn", schreift den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an engem Presse-Communiqué, an deem d'Pläng vun der Kommissioun presentéiert goufen.

Obwuel dës Reform ee Kärstéck vu sengem Programm ass, huet hien net drop gehalen, se perséinlech virzestellen. Amplaz dovun huet hien e puer Kommissären an de Pressesall vun der Kommissioun geschéckt.

Dës Decisioun war ouni Zweiwel och eng strategesch: Den Dossier sollt inhaltlech opgedeelt ginn, an d'Kommissäre sollte schonn eleng duerch hir Nationalitéit dofir suergen, déi verschidde Lageren an der EU zefridden ze stellen.

E Fransous an een Däitsche presentéieren d'Reform

Op där enger Säit de Fransous Pierre Moscovici, EU-Kommissär fir Wirtschaft a Finanzen, dee mam Message vun enger méi demokratescher Eurozon koum, eng Eurozon, déi sech am Idealfall an der ganzer EU opléist. "Den Euro däerf net dividéieren, e muss unifiéieren", seet hien.

Op där anerer Säit den däitsche Kommissär Günther Oettinger, zoustänneg fir de Budget, dee mat engem Message vun enger Reform kënnt, bei där d'Stabilitéit weiderhi ganz uewe steet. Et géing elo drëm goen, ze vermeiden, datt eng weider Kris kënnt, an den Euro dofir fit ze maachen, esou de Günther Oettinger.

En Europäesche Währungsfong schafen

Kärstéck vun de Propose vun der EU-Kommissioun ass d'Transformatioun vum haidegen europäesche Stabilitéits Mechanismus, dee jo den Euro-Länner, déi a Schwieregkeete sinn, ënnert d'Äerm gräife soll, an een Europäesche Währungsfong, an zwar vun 2019 un.

Dëse Punkt wier sécher deen, deen ënnert de nationale Regierunge vun den EU-Memberlänner am mannsten ëmstridden ass, sou de Pierre Moscovici.

Dat dierft bei där zweeter grousser Ännerung, déi d'Kommissioun proposéiert, manner de Fall sinn: De Poste vun engem europäesche Finanzminister, dee Chef vum Euro-Grupp wier, mä deen och, a virun allem dat ass ëmstridden, Vizepresident vun der Kommissioun wier.

Mat anere Wierder: Aus engem intergouvernementale Poste gëtt een EU-Posten - d'Kommissioun gëtt hei par Rapport zu de Memberlänner gestäerkt.

Dat heescht awer och méi Demokratie, erkläert de Pierre Moscovici, well dësen EU Finanzminister als Kommissär och dem Europa-Parlament géif Rechnung droen, eppes wat den Euro-Gruppechef den Ament net mécht.

Allerdéngs hu verschidde Länner, dorënner Däitschland, schonn ugedeit, datt si net prett sinn, der Kommissioun esou eng Funktioun z'iwwerdroen. Frankräich fuerdert een europäesche Finanzminister, ouni sech bis elo festzeleeën, ob deen och EU-Kommissär sollt sinn.

Kee Budget fir d'Eurozon

De franséische President Emmanuel Macron huet sech och fir ee Budget vun der Eurozon staark gemaach, déi Iddi gëtt vun der Kommissioun allerdéngs net zréckbehalen.

Dat wier eng ganz bewosst Decisioun, erkläert den däitsche Kommissär Günther Oettinger. De Wonsch wier et vill méi, d'Budgete vun allen EU-Memberlänner bei der Reform ze berécksiichtegen.

Et géing op kee Fall dorëms goen, hei national Scholden ze europäiséieren. Et géif op alle Fall weider all Budget eenzel gekuckt ginn, stellt de Günther Oettinger nach kloer. Och dee Message dierft éischter op Berlin adresséiert sinn, wéi op Paräis.

De Pierre Moscovici betount sengersäits, datt een d'Propos vum Emmanuel Macron net géint déi vum Jean-Claude Juncker ausspille sollt, si léichen net wäit auserneen.

D'Fro, op den neien Europäesche Währungsfong effektiv eng europäesch Institutioun gëtt, oder awer eng, bei där an éischter Linn national Parlamenter zoustänneg sinn, bleift op, genee wéi déi, wéi eng Kompetenze genee den neien EU-Finanzminister kritt. Dee Minister kéint jo dann net, wéi all anere Finanzminister iwwert en eegene Budget verfügen.

Vill Stoff fir Diskussioune, wéi e Méindeg dee frësch gewielten neie Chef vum Euro-Grupp, de Mario Centeno betount huet. "Et kann een net soen, datt mir net genuch Iddien hätten, mir hunn der vill a mir mussen elo kucken, wéi mir Kompromësser fannen", sou de portugisesche Finanzminister. Als Euro-Gruppechef wäert hien ee vun deene sinn, déi dës Diskussioune féiert.