Radioen

On air

Resonanzen  |  Claude Debussy - 12 Études, livre II, L. 136, XI. Pour les sonorités opposées. Modéré, sans lent - Joseph Moog (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Referendum iwwer Justizkapitel: Net genuch Ënnerschrëften zesummekomm

Verfassungsreform

Referendum iwwer Justizkapitel: Net genuch Ënnerschrëften zesummekomm

D'Gemengen hu bis haut Zäit, hir Lëschte mat den Ënnerschrëfte fir e Referendum iwwer dat neit Justiz-Kapitel vun der Verfassung am Staatsministère eranzeginn. Gëscht hätten nach fënnef Gemenge gefeelt, huet et op Nofro hin aus dem Staatsministère geheescht.

auto_stories

1 min

Ëm wéi eng fënnef Gemengen et sech handelt, gouf net präziséiert. Mee an de 97 Gemengen, déi d'Lëschte schonn ofginn hunn, wieren ëm déi 7.000 Signaturen zesummekomm. Et gesäit also esou aus, wéi wann d'Zil vun der Initiativ däitlech verfeelt gi wier: d'Ënnerschrëfte vu 25.000 ageschriwwene Wieler wiere jo noutwenneg gewiescht, fir den 2. Vott an der Chamber duerch eng Volleks-Ofstëmmung ze ersetzen. Deemno wäert d'Justiz-Kapitel aller Viraussiicht no um parlamentaresche Wee definitiv gutt geheescht ginn.