Radioen

On air

Espresso Beats  |  Twen - SeaStar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Referendum iwwer d'Verfassungsreform oder net?

Verfassungsreform

Referendum iwwer d'Verfassungsreform oder net?

Déi nei Verfassung wäert fréistens Mëtt 2020 a Kraaft trieden. Déi Aschätzung mécht den LSAP-Deputéierten Alex Bodry. Et wier eng grouss Inconnue wéi d'Parteien - virop d'CSV - no de Wahlen zum Text géife stoen, sou den Alex Bodry. Den Nach-CSV-Verfassungspiecher Paul-Henri Meyers weist iwwerdeems drop hin, datt bis den éischte Vote an der Chamber nach vill ze di wier. An hie verstoppt och net, datt hie perséinlech géint de Referendum ass.

auto_stories

3 min

Et wier seng intim Konviktioun, datt ee kee Referendum iwwer déi nei Verfassung soll maachen, seet de Paul-Henri Meyers. Hie géif sech awer net géint d'Decisioun vu senger Partei stellen, d'Wieler wëllen ofstëmmen ze loossen. A sengen Ae stécht hannert dem Referendum e grousse Risiko. Et géif ëm méi wéi 120 Artikele goen, "mir kënnen de Leit net déi eenzel Artikelen zum Vote stellen", sou de Paul-Henri Meyers. De Referendum géif iwwer dee ganzen Text goen, "an dat heescht, entweder sinn d'Wieler d'Accord oder net".

Dat gesäit den Alex Bodry, President vun der Institutiounekommissioun net anescht. Hie fillt sech un d'Ofstëmmung iwwer den EU-Verfassungsvertrag am Joer 2005 erënnert. Jidderee géif aner Prioritéite setzen, a jidderee géif riskéieren, géint den Text ze stëmmen, wa säi "Lieblingspunkt sech net an deem neie Verfassungstext erëmspigelt".

Kompromësser och no Chamberwahle gëlteg?

Trotz alle Risike géif kee Wee laanscht de Referendum féieren, seet den Alex Bodry. Hie fäert, datt den Text um Wee fir dohin nach där enger oder anerer Gefor kéint ausgesat ginn, Stéchwuert Chamberwahlen. "Stinn d'Parteien och no de Wahlen zu hirem Wuert a Saache Verfassung?", freet den Alex Bodry an hëlt d'CSV an d'Viséier.

D'CSV wéilt e groussen Dialog mat de Leit, dësen Dialog misst awer och zu eppes féieren. Déi grouss Fro, déi sech géif stelle wier, ob bannent de Parteien Drock géif gemaach ginn, fir déi Kompromësser déi erreecht goufen iwwer Bord ze geheien. "Wann dat geschitt, da kënne mir eis Verfassung mat engem Begriefnis drëtter Klass ënnert de Buedem bréngen", seet den Alex Bodry.

Ofhängeg Gesetzer a Justizrot

Et stelle sech awer nach aner Froen. Dem Paul-Henri Meyers no musse ronn zwielef Gesetzestexter wéinst Verfassungsreform adaptéiert oder nei geschriwwe ginn. Zum Beispill dat iwwer den Nationale Justizrot, deen iwwer d'Verfassung geschaaft gëtt. Et misst ee wëssen, wéi de Rot organiséiert gi soll. Fir datt de Verfassungstext wierklech gräife kéint, misst dat Gesetz deemno gestëmmt ginn.

D'Institutiounekommissioun huet der Regierung elo eng Lëscht gemaach mat den Texter, un deene muss geschafft ginn. Den Alex Bodry fënnt, datt den éischte Vote um Text an der Chamber eréischt no den Europawahlen ofgehale soll ginn, den Text kéint da fréistens Mëtt 2020 a Kraaft trieden. De Paul Henri Meyers kéint sech den zweete Vote, also de Referendum, dee jo bindend wäert sinn, schonn no den Europawahle virstellen.


Bäitrag vum Christiane Kleer am Panorama vun 12 Auer:

Lauschterenplay_arrow