Radioen

On air

Notturno  |  Scott Walker - Copenhagen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regele fir de Chamberwahlkampf

Chamberwahlen 2018

Regele fir de Chamberwahlkampf

D'selwecht wéi bei viregte Wahle wëllen d'Parteie sech och fir d'Chamberwahlen am Oktober Regele fir ee faire Wahlkampf ginn. Sträitpunkte sinn de Materialopwand, den Online-Wahlkampf an den Hate Speech, also Regele géint diskriminatoresch Aussoen.

auto_stories

3 min

Keng Materialschluecht am Wahlkampf! Dat ass dat deklaréiert Zil vum Ofkommes. Konkret heescht dat: All Partei soll héchstens zwee Gadgete verdeelen, Wahlkampfbroschüre maximal dräi Mol mat der Post un all Stot am Land verschécken, an där grousser Wahlkampf-Panneaue solle just 140 opgestallt ginn. Dat wieren der pro Partei 40 méi, wéi bei de Gemengewahlen zejoert.

Bei de Gemengewahlen hätt ee sech eng Limitt vun deene grousse Plakater gesat, seet den CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet. U sech wier och ofgemaach gewiescht, datt dës Limitt bei den nächste Wahlen nach weider kéint erofgoen. "Et gouf fir dës Kéier awer keen Accord fonnt, well verschidde Parteien entweder e Stock hunn, oder scho vläicht bestallt haten", seet de Laurent Zeimet.

déi Lénk a KPL ënnerstëtzen Accord net

D'Limitte géife sech un de Maximalfuerderunge vun de grousse Parteien orientéieren, kritiséieren déi Lénk an d'KPL. Well de Wahlkampf an hiren Aen also net méi fair gëtt, wëlle si den Accord net ënnerschreiwen. Fir d'Gréisstenuerdnung vum Ecart ze illustréieren: déi Lénk wëlle maximal zéng grouss Panneauen opstellen a fir Publicitéit héchstens 10.000 Euro ausginn, amplaz vun de 75.000, déi am Accord fixéiert goufen.

Reklamm op Radio an Tëlee kloer geregelt

Och d'LSAP an déi gréng bedaueren, datt d'Materialschluecht duerch dësen Accord net méi staark limitéiert gëtt. Ee Fortschrëtt wier awer, datt nieft de Wahlkampfspotten um Radio an op der Tëlee keng zousätzlech Publicitéit soll geschalt ginn, seet de grénge President Christian Kmiotek. Den Accord wier awer "nach net an dréchenen Dicher".

Onlinewahlkampf an Dark Posts

An den Onlinewahlkampf wäerten da wuel méi Sue fléissen. Hei sinn also och méi präzis Regelen néideg. Besonnesch ëmstridden ass den Asaz vu sougenannten Dark Posts op Facebook an Twitter. Gemengt si Werbebäitrag vun de Parteien a Kandidaten, déi just engem cibléierte Public, awer net op hirer eegener Säit affichéiert ginn. D'Piratepartei gesäit dat Instrument kritesch.

"De Problemn bei Dark Posts ass, datt een der Persoun 1 eppes anescht soe kann, wéi der Persoun 2 a keng vun deenen zwou Persoune kann dono soen, wat deen eigentlech Message war", seet de Marc Goergen vun der Piratepartei. Aner Parteien a Journalisten hätten och keng Méiglechkeet, fir d'Inhalter vun Dark Posts ze iwwerpréiwen. "Dat heescht, Dir kënnt an engem donkelen Eck dono de Wieler erreechen a ganz widderspréchlech Messagë ginn", sou de Marc Goergen.

LSAP fir Dark Posts

D'LSAP huet sech an de Verhandlunge fir den Asaz vun Dark Posts agesat, mam Argument, datt esou déi eege Facebooksäit net mat Werbebäiträg polluéiert gëtt. Wichteg wier awer, datt elo am Accord festgehalen ass, datt d'Source vun all Bäitrag muss kloer ze erkenne sinn.

Perséinlechen Dateschutz muss respektéiert ginn

D'Parteie si sech och eens, datt fir cibléiert Publicitéit um Internet, net dierfe perséinlech Donnéeën akaaft ginn. Och aus Dateschutzgrënn sollen d'Wielerlëschte vun de Gemengen net méi fir cibléiert Werbung via Post genotzt ginn.

D'DP ass bereet déi Decisioun matzedroen, bedauert awer, datt dat Instrument net méi soll erlaabt sinn, seet de liberale Fraktiounspresident Eugène Berger. Dat Instrument hätt et de Parteien an der Vergaangenheet erméiglecht, fir Wieler méi individuell unzeschreiwen.

ADR dréit Accord mat, déi Konservativ net gefrot

D'ADR huet besonnesch d'Dispositiounen zu den Haassmessagë kritesch gesinn. De President Jean Schoos geet dovun aus, datt seng Partei den Accord awer wäert ënnerschreiwen.

Déi Konservativ hirersäits kritiséieren, datt si net gefrot goufen, fir un de Verhandlungen iwwer d'Ofkommes deelzehuelen.