Radioen

On air

Notturno  |  Billy Bruner - Sweetness

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Recommandatiounen, keng Virschrëften

Corona-Pandemie

Recommandatiounen, keng Virschrëften

An den USA huet de President Donald Trump annoncéiert, datt seng Virschléi fir géint de Coronavirus ze kämpfen elo bis den 30. Abrëll gëllen, also zwou Woche méi laang, wéi um Ufank virgesinn. An där Zäit gëllt et sech selwer esou vill wéi méiglech ze isoléieren. Et si Recommandatiounen, keng Virschrëften.

auto_stories

4 min

E Sonndeg war en Dag, op deem eng ganz schlëmm Realitéit fir d'Amerikaner méi kloer gouf. Opgestane si si mat der Noriicht, datt an der Nuecht d'Zuel vun den 2.000 Doudegen erreecht gouf. D'USA sinn d'Land an der Welt, dat am Häertste vum Coronavirus getraff gouf.

Mee wat op d'Land zoukënnt, ass eng ganz aner Saach an eng ganz aner Statistik. Et kéint zu 100.000 bis 200.000 Doudesfäll kommen, an den Héichpunkt vun der Zuel vun Doudege pro Dag wäert wuel eréischt an zwou Woche kommen.

Den Albdram kënnt un

Dat ass e gudde Grond och fir d'Amerikaner, sech weiderhi selwer ze isoléieren, trotz dem Mangel un offizielle Virschrëfte vun der nationaler Regierung. A verschiddene Staate wéi Kalifornien, Washington, New York an Illinois gëllt en änlecht Verbuet virun d'Dier ze goe wéi zu Lëtzebuerg.

Vun der Trump-Regierung gëtt et just eng Recommandatioun: d'Leit sollen esou wäit et méiglech ass vun doheem aus schaffen, si sollen hir Distanz halen, an de Kontakt verhënneren.

Just e puer Deeg nodeem den US-President Donald Trump nach de Wonsch vermëttelt hat, déi amerikanesch Wirtschaft schonn Ouschteren nees un d'Goen ze kréien, huet hien e Sonndeg den Owend deen Dram abandonéiert. Hie schéngt sech dem Albdram elo e bësse méi bewosst ze sinn:

"D'Modeller gesi vir, datt an zwou Wochen déi héchst Zuel vun den Doudege pro Dag soll erreecht ginn. Also, ech soen et nach eng Kéier, den Héichpunkt ass warscheinlech an zwou Wochen. Näischt wier méi schlëmm, wéi elo eng Victoire ze deklaréieren, virun deem mir gewonnen hunn. Dofir ass et wichteg, datt jiddwereen eis Recommandatiounen an deenen nächsten zwou Woche follegt. De Vize-President gleeft ganz staark un déi Virschléi. Wat Dir et besser maacht, wat dësen Albdram méi séier wäert eriwwer sinn."

Ee Revirement vum Donald Trump

Et ass eng Confirmatioun vum President, datt déi amerikanesch Ekonomie nach e ganze Mount laang wäert leiden. D'Chômage-Zuele sinn d'lescht Woch katastrophal gewiescht, besonnesch fir eng Regierung, déi stolz ass op hire Succès an der Kreatioun vun neien Aarbechtsplazen.

Et ass also e weidere Revirement fir e President, deen, erënnere mir drun, e séiere Schluss vun der Pandemie, besonnesch an den USA, pronostikéiert hat. Och hat hie vun engem méigleche Wonner geschwat fir de Coronavirus ze stoppen a gehofft, datt d'Kierchen fir Ouschteren nees voll wieren.

Am Plaz dovu gëtt et elo déi alarmant Biller vun Zelter, déi am Central Park zu New York opgebaut ginn, fir déi grouss Unzuel u Kranken, déi déi nächst puer Wochen erwaart ginn.

100.000 bis 200.000 Doudeger

Eng weider batter Pëll koum um Sonndeg vum Anthony Fauci. Hien ass de Chef vum nationalen Institut fir ustiechbar Krankheeten. Den Expert a Saache Coronavirus an den USA huet op CNN esou op d'Fro iwwer d'Unzuel vun den Doudesfäll an den USA geäntwert.

"Baséiert op deem, wat mir bis elo gesinn, géif ech soen, datt mir 100.000 bis 200.000 Fäll wäerten hunn, mee dat ass keen offizielle Pronostic. Pardon, 100.000 bis 200.000 Doudeger. Mir wäerte Millioune Fäll hunn. Mee et ass schwéier ee Pronostic ze maache bei esou wéineg Kloerheet. Mir kéinten och Onrecht hunn."

Besonnesch déi amerikanesch Groussstied erwaarde sech eng massiv Zuel vu Fäll. Zu New York ass et schlëmm an d'Spideeler si scho voll. Zu New Orleans am Staat Louisiana ass d'Zuel och besonnesch héich. Dat nämmlecht gëllt fir Detroit, am Midwest op der Grenz mat Kanada. Mee och a méi klenge Stied, wou méi eeler Leit liewen, ass eng Hausse vun de Fäll just nach eng Fro vun der Zäit.

De President huet sech elo virgeholl, datt d'USA den 1. Juni nees soll un d'Goe kommen. Wärend senger Pressekonferenz e Sonndeg den Owend sinn Dausenden nei Fäll dobäi komm. Den Donald Trump seet, datt et ouni seng Recommandatiounen zu Milliounen Doudegen hätt kënne kommen. Him gëtt weiderhi virgeworf, ze lues op d'Pandemie reagéiert ze hunn.