Chamberwahlen 2018 Réckbléck op déi lescht Wahlkampfwoch

Réckbléck op d'Wahlkampfwoch 5
Jean-Claude Franck

De Wahlkampf ass dëse Freideg offiziell eriwwer, de Sonndeg wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. Mir halen zeréck: Et war eng schwaach Campagne mat wéinegen Inhalter a wéinege Confrontatiounen. Wéinst dem onséchere Wahlausgank wollt keng Partei e Feeler maachen. Dowéinst gouf wéineg Faarf bekannt.

Méi zum Thema

Réckbléck op déi véiert Wahlkampfwoch Analys
Chamberwahlen 2018

Wéi ass déi virlescht Wahlkampfwoch verlaf? Wat fir eng Dynamik kann een esou kuerz virun de Chamberwahlen observéieren. D'Pia Oppel aus der Noriichteredaktioun mat enger Analys.

Réckbléck op déi zweet Wahlkampfwoch
Chamberwahlen 2018

Wéi verleeft de Wahlkampf? Wéi si verschidden Entwécklungen ze interpretéieren. Wat waren d'Themen? Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck analyséiert déi zweet Woch vum Wahlkampf.

Jean-Claude Franck Analys
Chamberwahlen 2018

Wéi verleeft de Wahlkampf? Wéi si verschidden Entwécklungen ze interpretéieren, wat waren d'Themen? Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck analyséiert déi éischt Woch vum Wahlkampf.

Programm

Net verpassen

  • Voices vum Max Richter

    Max Richter

    Dem brittesche Komponist seng nei Kompositioun gëtt um internationalen Dag vun de Mënscherechter, den 10. Dezember, am Reseau vun der Union Européenne de Radio-Télévision diffuséiert.

    Dësen Donneschdeg, owes um 8 Auer - och um radio 100,7

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen