Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Réckbléck op déi lescht Wahlkampfwoch

Europawahlen 2019

Réckbléck op déi lescht Wahlkampfwoch

An Holland an a Groussbritannie gouf scho gewielt. An zu Lëtzebuerg dominéieren Diskussiounen ëm Wahlkampftaktiken déi ëffentlech Debatt. D'Pia Oppel kuckt op déi lescht Woch zeréck.

auto_stories

6 min

Am Fong ass de Wahlkampf an e puer Memberstaate schonn eriwwer?

Genee, Holland a Groussbritannien hunn en Donneschdeg gewielt. E Freideg ass et un den Iren, Tschechen a Malteser. E Samschdeg wielen dann och nach d'Letten a Slowaken. All déi aner Länner wielen dann e Sonndeg. Déi lescht Wahlbüroe maachen deen Dag owes um 11 Auer an Italien zou. Dat erkläert dann och, datt eréischt duerno offiziell Resultater dierfe publizéiert ginn.

Dat heescht bis dohinner gëtt ee guer näischt gewuer?

Nee, puer Informatioune wäerte virdru public ginn. Mee all Land geet domadder anescht ëm: a verschiddene Länner ginn nom Schléisse vun de Wahlbüroe sougenannt "Exit Polls" publizéiert. Also Ëmfroen, déi an de Wahlbüroe gemaach ginn a wou d'Leit gefrot ginn, wiem si grad hir Stëmm ginn hunn.

A Groussbritannie si keng esou Sondagë gemaach ginn: do muss ee sech also nach bëssi gedëllegen. D'Sondagë soen do jo der Brexit Party ee grousse Succès viraus. Déi konservativ Regierungspartei kéint ofgestrooft ginn. Dozou passt dann och, datt d'Premierministesch Theresa May hire Récktrëtt annoncéiert huet.

An Holland sinn awer "exit polls" publizéiert ginn. Wat loossen déi dann erwaarden?

Jo, do leien elo relativ zouverlässeg Zuele vir. Deemno wieren d'Sozialdemokraten d'Gewënner, mat iwwer 18 Prozent vun de Stëmmen: Si hätten da fënnef amplaz vu bis elo zwee Europadeputéiert. Bei deem Resultat kéint matgespillt hunn, datt den hollännesche Sozialdemokrat Frans Timmermans och europäesche Spëtzekandidat war, an deemno vill präsent war an de Medien a bei de groussen Table ronden.

Och déi Konservativ-Liberal vum Premier Mark Rutte géife liicht gewannen an hätten elo véier Sëtz. Par konter géifen déi sozialliberal vun D66 zwee vun hire véier Sëtz verléieren. Och d'Chrëschtdemokrate géife liicht verléieren. Eng nei Kraaft ass dann déi riets-konservativ Partei Forum fir Demokratie, déi elo op dräi Sëtz kommen.

Et ass jo an dësem Europawahlkampf vill vun enger méiglecher rietspopulistescher Well rieds gaangen - confirméieren déi hollännesch Sondagen dat?

Nee, am Géigendeel. Dem Geert Wilders seng Fräiheetspartei géif den Exit Polls no dräi vun hire véier Sëtz am Europaparlament verléieren a kéim elo nach knapps op véier Prozent vun de Stëmmen. Dëst ass eng vun de Parteien, déi sech der neier europäescher Allianz vun de Vëlker an Natiounen ugeschloss huet, déi den italieneschen Inneminister Matteo Salvini lancéiert huet - an zu där och déi däitsch AfD, de franséische Rassemblement National an déi éisträichesch FPÖ gehéieren. Dat wier dann een éischte Réckschlag fir déi nationalistesch Allianz, déi am neien Europaparlament d'Kräften um rietse Bord wëllt federéieren - an iwwer där hire méigleche Succès am Wahlkampf vill spekuléiert gouf.

Bleift elo natierlech ofzewaarden, ob déi Prognosen aus Holland sech wierklech esou confirméieren - an ob dëst en Trend ass, deen och an anere Länner ze observéieren ass.

Du hues déi éisträichesch FPÖ erwäänt, déi huet déi lescht Woch virun den Europawahlen jo och markéiert ...

... effektiv, mat der Affär ëm den FPÖ-Vizekanzler Heinz-Christian Strache, dee jo zeréckgetrueden ass, nodeems däitsch Medien e Video publizéiert hunn, an deem hien enger Fra, déi virgëtt si wier eng räich russesch Investorin, Géigeleeschtunge versprécht, wa si him a senger Partei am Wahlkampf hëlleft. De Video huet europawäit fir grouss Empörung gesuergt. D'Meenunge vun den Experte ginn awer wäit auserneen, ob dat elo een Impakt op de Score vu Rietspopulisten an anere Länner wäert hunn. Souguer an Éisträich deiten déi leschte Sondagë bis ewell net op een Abroch vun der FPÖ hin. Mee dat schénge mir och keng belaaschtbar Zuelen, déi elo sou kuerzfristeg nach erhuewe ginn. Do musse mir eis da wuel ee Sonndeg iwwerrasche loossen.

Zu Lëtzebuerg ass de Wahlkampf nach am Gaangen: Wat kann ee vun der leschter Wahlkampfwoch zeréckbehalen?

Datt nees méi iwwer d'Form wéi iwwer Contenu diskutéiert gouf. Sou ass nees d'Noutwendegkeet vun enger Reform vum Wahlgesetz am Gespréich. Dat war awer zum Beispill och bei de Chamberwahlen de Fall, wat mat enger Rei Lacunnen an Onkloerheeten am Wahlgesetz zesummenhänkt.

Dës Woch war ënner anerem eng Polemik opkomm, well d'DP an d'ADR Donnéeën aus de Wielerlëschte genotzt hu fir Bréiwer un eenzel Wielergruppen ze verschécken. Do stellt sech d'Fro, ob dat wierklech nach mat den haitege Standarde vum Dateschutz zesummepasst an ob et net ëmsou méi problematesch ass, wann do op Basis vun Nationalitéiten oder souguer den Nimm ee spezifesche Wielerprofil viséiert gëtt. Soulaang kee concernéierte Bierger dogéint klot, bleift dat awer eng politesch Fro, iwwer déi d'Chamber muss tranchéieren.

An dann ass och nees vill iwwer d'Fairness an d'Kontroll vum Wahlkampf gestridde ginn. Ophänkert war do virop d'Verhale vum Kandidat vun der Piratepartei Daniel Frères, dee mat senger Déiereschutz-Asbl a Schoulen optrëtt, an dann och Reklammen op Social Media oder an der Boulevardpress schalt, wou net kloer ass, ob alles richteg ofgerechent gëtt. Bleift ofzewaarden, ob no der Nervositéit vum Wahlkampf d'Chamber nach motivéiert ass fir déi Saach unzepaken

Du erwääns de Kandidat vun der Piratepartei: D'Piraten hunn déi lescht Wahlkampfwoch nawell fir vill Gespréichsstoff gesuergt.

Déi ëmstridde Wahlkampfmethode vum Daniel Frères goufen an de Medie méi genee ënner d'Lupp geholl, wat fir eng hefteg Reaktioun vum Deputéierten a Coordinateur vun der Piratepartei Marc Goergen gesuergt huet. Seng Aussoe waren a mengen Ae wierklech problematesch, well hie reporter.lu Fake News reprochéiert huet, den Online-Magazine géif hei aus eegenen Interessien handelen, well d'Piraten ze onbequem fir eng politesch Elite wier.

An der Substanz waren déi Reprochen net haltbar, mee si huet vill oppe geluecht iwwer d'Geeschteshaltung vun der Parteileedung. De Marc Goergen schéngt elo mol éischt Konsequenzen ze zéien. Wéi mir gemellt hu bitt hien u vum Posten als Coordinateur zeréckzetrieden, wat bei de Piraten der Funktioun vum Generalsekretär entsprécht. Et schéngt awer direkt keen an der Rei ze stoen, fir d'Amt ze iwwerhuelen, wat kéint confirméieren, datt d'Loft ëm déi kontestéiert Parteileedung an e puer vun hire Sympathisanten effektiv dënn gëtt.

Gouf et fir Dech dann och en Highlight dës Woch?

Jo, an ech profitéieren op dëser Plaz elo fir e bëssi Reklamm an eegener Saach ze maachen: Nämlech fir eis eis Serie "Queesch duerch Europa", déi ass dës Woch mat zwee Reportagen aus Irland an Ungarn op en Enn gaangen. Virdrun hate mir scho Portugal, d'Belsch a Rumänie beliicht. Déi Reportagë ginn engem Gefill dofir, wéi eng Themen d'Leit an anere Länner wichteg sinn, an och wéi eng Relevanz d'EU ganz konkret an deene Länner huet. Déi Reportagë fënnt een all an Toun a Bild op eisem Site.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.