Coronavirus Réckbleck Lockdown 2020: eng Surreal Woch

Et ass e komeschen Anniversaire: Haut virun engem Joer ass de komplette Lockdown a Kraaft getrueden. Et war dee Moment, wou ee realiséiert huet, datt de Coronavirus eng ganz reell Gefor wier. Virun engem Joer war villes vun deem, wat een an Tëschenzäit gewinnt ass, nach net virstellbar.

Isabel Scott / cz

Kaori.jpg
Foto: Kaori

"Annonce gouvernementale - Bleift doheem! Fir iech an äer Matbierger ze schützen, bleift w.e.g. doheem a gitt just aus dem Haus wann et wieklech néideg ass. D'Police ass ugewise Kontrollen ze machen."

Fir d'Vicky Stoll, deemools Enseignante vun enger Premières-Klass, war de Knackpunkt d'Annonce vum Educatiounsminister Claude Meisch, wou et geheescht huet "d'Schoule sinn zou".

"Do hunn ech mer geduecht: Déi Decisioun gëtt net einfach sou geholl a wat dat alles mat sech bréngt. Dat hëlt keen einfach sou, dat heescht do kënnt eppes op eis duer. Do huet ee gespuert, datt dat näischt ass wat no, wann ee kuerz Loft anhält, erëm laanscht geet."

Den Homeschooling ass deemools zu engem vun de Symboler vum Lockdown ginn. Scho kuerz virdrun waren dat déi eidel Rayonen an de Supermarchéen. D'Marielle Vitalone schafft an enger grousser Filial an der Keess. Si huet et vun engem Dag op deen aneren abrupt, ouni Virwarnung, kal erwëscht.

"J'avais cette impression que le ciel me tombait sur la tête. (...) ça explose complètement, vraiment. Et les caddies, on s'aurait cru à un jour de noël, voir pire qu'un jour de noël. C'était des caddies remplies: papier."

Ufank vum Liewen an der Pandemie

Dëse Moment wäert fir vill Leit den Ufank vum Pandemies-Liewen bedeit hunn. Wéi Toilettepabéier, Desinfizéiermettel, Latex-Händschen zu enger Sich no engem Schatz gi sinn. De Premier Xavier Bettel huet missen intervenéieren.

"Et muss een net eng Filial vun engem Supermarché doheem opbauen. Et muss een doheem d'Saachen net stockéieren. Et soll een net vergiessen, datt mam Stockage ganz oft déi Leit déi fir iech schaffen, fir ons alleguerten schaffen wärend dem Dag, nëmmen owes kënnen akafen goen. An di kommen a Regaler di eidel stinn. Vergiesst dat net wann der mengt dir misst de Caddy vollmachen bis uewenhinner wou der mol net wësst ob der alles packt."

Solidaritéit?

Et ass ugangs vum Lockdown vill vu Solidaritéit Rieds gaangen: vun Altruismus, vun enger Natioun déi zesummenhält. D'Klappen owes un der Fënster fir d'Gesondheetspersonal, e Merci un de Caissier, un déi déi Dreckskëschten eidel gemaach hunn. D'Ausdrécke vu Solidaritéit, d'Unerkennung vun Aarbechten déi vun der Gesellschaft virdru wéineg Unerkennung kruten, huet net laang gedauert, fënnt d'Marielle Vitalone.

"Les gens de toute facon sont toujours pressés, énervés. il ne se rendent pas compte finalement du travail qu'on fait pour eux. on est toujours la caissière qui passe les articles et ça s'arrête là. ils ne voyaient pas plus loin. (...) tout comme les femmes de ménage. elles etait la, elles essuyaient tous les jours nos tapis, plusieurs fois par jour. les pauvres elle devraient avoir mal au bras. mince on est là pour vous, justement pour vous protéger, pour votre bien être, pour que tout se passe bien et que vous repartiez de chez nous content et heureux."

Déi mental Gesondheet ënner Drock

Et gouf deemools kaum Kloerheet iwwer de Coronavirus an dowéinst ëmsouméi Incertidute wéi d'Liewen no Wochen Lockdown géif ausgesinn - a scho guer net no engem Joer. De Manktem u Previsibilitéit an eng richteg Perspektiv schléit op déi mental Gesondheet, wéi d'Vicky Stoll fënnt.

"Dat ass bedréckend wann ee bemol muss realiséieren - an d'Schüler realiséieren dat och - datt et warscheinlech net méi normal gëtt. (...) an de Klassen mierkt een datt vill Schüler matgeholl sinn, fir dat mol euphemistesch auszedrécken. Et si vill Schüler déi do ganz drenner leiden. (...) Si mierke schonn, datt se eppes verpassen. Et deet mer allkéiers déck fir si, well ech weess jo wéi et fir mech deemools war. Et ass batter ze gesinn, datt si dat net dierfen."

Mëttlerweil hätt si eng richteg Nostalgie fir d'liewen am Klassesall entwéckelt, sou wéi et virun der Pandemie war. Vill Hoffnung dass et fir di nächst Rentrée besser gëtt hätt d'Vicky Stoll net. No engem Joer Pandemie ass bei ville Leit d'Loft aus.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Isabel Scott
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean-Claude Schmit
Virusvarianten

Am Moment gëtt et nach kee Grond fir zousätzlech Mesuren ze huelen, seet den Dr. Jean-Claude Schmit. Seng Servicer géifen sech awer "op alles" preparéieren, well och hei am Land nei Virusvarianten am Ëmlaf wieren.

Claude Meisch
Homeschooling

Den Educatiounsminister seet, datt de Corona-Virus sech besonnesch an de Grondschoulen am urbane Raum géif vill méi séier verbreede wéi virdrun. E Freideg hofft de Minister matdeelen ze kënnen, wéi et no der Fuesvakanz virugeet.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen