100komma7.lu Réckbléck 2019: De radio 100,7 um Web

Wéi huet d'Joer 2019 fir de radio 100,7 ausgesinn? Wéi eng Artikele goufe besonnesch dacks ugeklickt? Wat huet d'Leit am meeschten interesséiert? En Iwwerbléck vun der Online-Redaktioun.

Claude Biver a Chris Zeien

Réckbléck Online

Als allgemengen Iwwerbléck kann ee festhalen, datt mir 1,3 Millioune Klicks um Site haten. Dat ass e Plus vu ronn dräi Prozent par rapport zum leschte Joer. Dat ass virun allem interessant wann ee bedenkt, datt 2018 Chamberwale waren, an dëse Radio an engem Waljoer traditionell méi héich Klickzuelen huet wéi an engem "normale" Joer.

De meeschtgeklickten Artikel vun dësem Joer dréit sech ronderëm déi annoncéiert CO2-Steier. Dësen Artikel gouf 3.500 mol geklickt. Dat ass also en Thema, dat d'Leit visiblement beréiert an interesséiert, well jiddweree concernéiert ass.

Een Highlight war déi ganz Affär ronderëm de fréieren Deputé-Maire Roberto Traversini, vun där mir eng komplett Chronologie vun de Faiten opgestallt haten. Dat gouf an den anere Medien an och an der Chamber zitéiert. Dat war e Projet wou mir tëschent de Redaktiounen drop geschafft hunn.

Den zweetpopuläärsten Artikel dëst Joer war e Riicht eraus aus dem Mee, vum Christiane Kleer. Thema war hei Educatioun am Fondamental. Dat ass och e klassescht Thema, dat d'Leit vill interesséiert a wou och jiddwereen eng Meenung dozou huet. Ronn 2.500 Leit hunn deen Artikel geklickt.

Top 3 op Facebook

Op facebook huet de radio 100,7 2019 mat 9.300 Likes ugefaangen. Am Juni hu mir dunn d'Zuel vun den 10.000 Likes geknackt. Stand 20. Dezember sti mir elo bei ronn 10.400 Likes.

Mir hunn dëst Joer sou vill Facebook-Posts gemaach wéi nach ni. Momentan (Stand 20. Dezember) si mir op 1.800 Posts; Fotoen, Videon, Artikele mat agerechent. Dat entsprécht elo schonn engem Plus vu ronn 150 Postings par rapport vum leschte Joer. An dat, obwuel mir eise Réckbléck d'lescht Joer eng Woch méi spéit gemaach hunn. Mir rechnen domat, datt mir den 31. Dezember op ronn 2.000 Facebook-Postings wäerte kommen. Dat entsprécht engem Plus vu bal 400 Postings am Verglach mat 2018.

Am meeschten interesséiert huet eis Facebook-Community dee scho genannten Artikel iwwer d'CO2-Steier, déi zu Lëtzebuerg soll ageféiert ginn. Iwwer 2.400 Leit hunn den Artikel geliked, geshared, gedeelt oder drënner kommentéiert.

Plaz 2 beleet e Kommentar vum Pierre Reyland, an deem hien eng Marketing-Aktioun vum Cactus a vun der Luxair kritiséiert. Ronn 1.600 Leit hunn den entspriechende Facebook-Post kommentéiert, geliked a gedeelt.

Op der drëtter Plaz fanne mer e Video iwwer dem Georges Urwald seng Concertsserie "Fuesend am Stued". 1.500 Leit hunn de Video kommentéiert, geliked a geshared.

Facebook Community

Allgemeng ass eis positiv opgefall, datt ënner ville Facebook-Posts mëttlerweil lieweg, inhaltlech Diskussioune geféiert ginn. Op dëser Plaz wëlle mir dofir och jiddwerengem Merci soen, dee sech un dësem Meenungsaustausch bedeelegt.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

Réckbléck Online
Réckbléck 2018

Wéi huet d'Joer 2018 fir de radio 100,7 ausgesinn? Wéi eng Artikele goufe besonnesch dacks ugeklickt? Wat huet d'Leit am meeschten interesséiert? En Iwwerbléck vun der Online-Redaktioun.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen