ETAT DE DROIT Rechtsstaatlechkeet spléckt d'EU
De Rapport vun der europäescher Kommissioun iwwer den Etat de Droit an de 27 EU-Länner sollt d'Debatt doriwwer eigentlech entschäerfen. De Contraire ass awer de Fall. Och de Mechanismus, deen EU-Subsien u Konditioune knäppe soll, suergt fir Sträit.
Um EU-Sommet steet de Punkt zwar offiziell net um Ordre du jour. Allerdéngs kann een dovun auszegoen, datt deen een oder anere Staats- a Regierungschef, en op den Dësch bréngt. Well alles hänkt hei iergendwéi zesummen.
Am Rapport iwwer de Rechtsstaat vun der Kommissioun gouf fir d'éischte Kéier d'Situatioun an alle 27 Memberlänner erfaasst. Et war och de Versuch, net mam Fanger op eenzeler ze weisen. Dee Plang ass awer net opgaangen.
De Rapport wier eng nei Etapp, sou d'Hoffnung vum Justiz-Kommissär Didier Reynders.
"D'Informatiounen am Rapport si net nei. De Meritt vum Rapport ass, datt en een Iwwerbléck iwwert d'Situatioun an der EU gëtt."
Net jiddereen ass gläich an der EU
Deen Iwwerbléck mécht awer däitlech: D'Resultat ass alarmant an alles anescht wéi ausgeglach, wat déi 27 Memberstaaten ugeet. Dräi Länner stiechen ëmmer nees ervir. Et sinn dat Ungarn, Polen a Bulgarien, déi der Kommissioun no Problemer a verschiddene Beräicher hunn, wann et drëms geet, den Etat de droit ze respektéieren.
D'Onofhängegkeet vun der Justiz ass zum Beispill an deenen dräi Memberstaaten net garantéiert. Dat ass awer net nëmmen do de Fall. D'Kommissioun mellt och Bedenken am Fall vu Rumänien, Kroatien an der Slowakei un.
Wat d'Korruptioun ugeet, gëtt ënner anerem och déi tschechesch Republik negativ ernimmt.
Lëtzebuerg: Alia kann net effikass schaffen
Der Lëtzebuerger Justiz attestéiert d'Kommissioun een héijen Niveau vun Onofhängegkeet. Wat de Kampf géint Korruptioun ugeet, géifen deels Ressource feelen, heescht et am Rapport. Negativ ernimmt gëtt am Medieberäich de Fonctionnement vun der vum Regulateur fir déi audiovisuell Medien, der ALIA. Bréissel huet Bedenke par Rapport zu der Effikassitéit, mat där des Institutioun schaffe kann, dat en vue vum limitéierte Personal an der héijer Zuel vun auslännesche Servicer, déi am Land zougelooss sinn.
De Sujet ass sensibel, sot d'Vizepresidentin vun der Kommissioun, d'Vĕra Jourová .
"Dowéinst hu mir genee opgepasst, bei jidderengem déi nämmlecht Krittären z'applizéieren, fir datt d'Resultat transparent ass an um Enn keen dovun iwwerrascht gëtt."
Kritik iwwer d'Virgoensweis vun der Kommissioun koum aus dem Europaparlament. Verschidde Beräicher, wéi den Ëmgang mat Minoritéiten an d'Anhale vun demokratesche Wäerter wiere guer net ënnersicht ginn, sou d'Europadeputéiert vun der däitscher SPD, Katarina Barley.
![]()
Conter-Expertise vu Polen an Ungarn
Wat geschitt elo mat deem Rapport? Sanktiounen oder Recommandatioune fir d'Memberlänner si keng virgesinn. D'Kommissioun wéilt vill méi "ee richtegen Dialog op EU an op nationalem Niveau" iwwer d'Resultater lancéieren, sou den Didier Reynders.
Hien huet wëlles, an all d'Memberlänner ze reesen, an do mat den nationalen Deputéiert iwwer d'Resultater ze diskutéieren. Do kéint de Belsch deels op hefteg Kritik stoussen.
Polen an Ungarn hu schonn annoncéiert, eng Conter-Expertise ze maachen an deem si selwer een Institut grënnen, dat och d'Situatioun iwwert de Rechtsstaat an allen 27 EU-Länner ënnersiche soll.
Déi zwee Länner stäipe sech zanter Méint géint een Instrument, datt EU-Fongen u Konditioune knäppt.
Däitsch Propose: Och Lëtzebuerg ass dogéint
Et war ee vun de groussen Diskussiounspunkten um leschten EU-Sommet am Juli. Festgehale goufen do éischter vag Grondzich vun esou engem Mechanismus. Déi däitsch EU-Presidence huet elo Detailer ausgeschafft a gëscht huet eng Majoritéit vun de Memberlänner de Wee fräi gemaach, fir op där Basis mat de Verhandlunge mam Europaparlament unzefänken. Ungarn a Pole hu wéi erwaart dogéint gestëmmt.
Awer och Lëtzebuerg an d'Belsch genee ewéi déi fënnef aner Länner ware géint déi däitsch Propose. An den Ae vun deene Regierunge geet se net wäit genuch.
Den Text wier ze vill verwässert ginn, de Beräich fir de Mechanismus unzewennen, ze staark ageschränkt ginn, huet et aus Lëtzebuerger Kreesser geheescht. Et géif een elo hoffen, datt an de Verhandlunge mam Parlament nogebessert gëtt.
D'Kommissioun, déi scho virun zwee Joer een Instrument mat däitlech méi Zänn proposéiert hat, schéngt hirersäits prett ze sinn, kleng bäi ze ginn.
"Ech ka mat dëser Propose liewen", sot gëscht d'Vĕra Jourová . Si wier frou, datt et elo virugeet, mat de Verhandlungen.
Ungarn freet Demissioun vu Jourova
Wéi staark d'Konfrontatioun an deem Sujet ass, huet d'Vĕra Jourová iwwerdeems selwer ze spiere kritt. No enger Ausso an engem Interview am Spiegel, wou d'Tschechin gesot hat, Ungarn wier am gaangen eng krank Demokratie opzebauen, huet den ungaresche Premier Viktor Orban hir Demissioun an engem Bréif un d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen gefuerdert.
D'Vĕra Jourová wollt dat net kommentéieren. D'Ursula von der Leyen géif selwer dorop äntwerten, sou d'Vizepresidentin vun der Kommissioun.
"Ech kann net viraussoen, wat d'Presidentin schreiwe wäert, mee ech ka confirméieren, datt ech frou sinn, dat si mech ënnerstëtzt huet."
D'Kommissiounspresidentin hat sech en Dënschdeg iwwer hire Spriecherdéngscht hannert hir Kommissärin gestallt.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.