EU-BUDGET Rechtsstaat-Mechanismus: EU-Parlament stellt Ultimatum
An der EU soll d'Verdeelen vun Fongen u Konditioune geknäppt ginn. Ee Rechts-Staats-Mechanismus soll dofir suergen, datt sech doru gehale gëtt. En ass zanter dem 1. Januar a Kraaft, gëtt awer net applizéiert. Elo mécht d'Europaparlament Drock. D'Kommissioun misst endlech handelen, seet den däitschen Europadeputéierten vun der FDP, Moritz Körner.
D'Situatioun an der EU en vue vu Verstéiss géint de Rechtsstaat ass seriö, seet den Europadeputéierte Moritz Körner. D'EU-Kommissioun kéint dat net weider "aussëtzen". Wann de Mechanismus net bis den 1. Juni a Kraaft ass, geet d'Europaparlament virun den Europäesche Geriichtshaff. Den däitschen FDP-Politiker ass ee vun den Auteure vun enger Resolutioun, iwwer déi e Mëttwoch am Europaparlament ofgestëmmt gëtt.
D'Europäesch Kommissioun wier verflicht, d'Applikatioun vun den Europäeschen Traitéen ze garantéieren, heescht et an deem Text. De Rechtsstaatsmechanismus wier zanter dem 1. Januar a Kraaft a misst elo och ugewannt ginn.
"Die Verordnung ist seit dem 1. Januar in Kraft"
Um EU-Sommet am Dezember war dee Mechanismus, iwwer dee sech d'Parlament an d'Memberlänner virdrun no laange Verhandlungen eens gi waren, nach eng Kéier op de Leescht geholl ginn. D'Staats- a Regierungscheffen haten domat dem Drock vun Ungarn a Polen noginn, déi domat gedreet hunn, den EU-Budget ze blockéieren.
Decidéiert gouf, datt d'Kommissioun Richtlinnen ausschafft, doriwwer wéi de Mechanismus soll applizéiert ginn. Si wier am gaangen dat ze maachen, hat den zoustännegen EU-Kommissär Johannes Hahn den Europaparlamentarier virun zwou Wochen an enger Debatt gesot. Dat awer huet si net iwwerzeegt, sou de Moritz Körner.
"Es braucht für eine solche Verordnung, die wir gemeinsam zwischen Parlament und Rat ausgehandelt haben, keine Richtlinien. Die Kommission hat den Vorschlag für diesen Mechanismus bereits 2018 gemacht. Wenn sie dazu noch genauere Auslegungen oder Richtlinien gebraucht hätte, hätte sie diese von Anfang mit vorschlagen können oder sie in der Zwischenzeit ausarbeiten können. Das ist also nur eine Ausrede, um darauf zu warten, dass der Europäische Gerichtshof entschieden hat."
Virum Europäesche Geriichtshaff hunn nämlech Polen an Ungarn géint de Rechtsstaatsmechanismus geklot. Dat ass hiert gutt Recht, seet den däitsche Liberalen. D'Reglement wier trotzdeem a Kraaft, a genee dorop géif d'Parlament elo hiweisen. Et géif och drëm goen, kee Prezedenzfall ze schafen.
"Polen und Ungarn spielen auf Zeit"
D'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hat versprach, datt de Mechanismus réckwierkend vum 1. Januar un unzewennen. Sou géif kee Fall vun engem Verstouss géint d'EU-Reegele verluer goen. Et wier wichteg, elo net weider Zäit ze verléieren, seet dozou de Moritz Körner. D'EU-Suen géifen elo fléissen.
"Wir sehen wie der Rechtsstaat in Ungarn un Polen kaputt geht. Viktor Orbán versucht seine nächste Wahl mit EU-Mitteln zu kaufen, indem er die an seine Freunde oder krude Netzwerke verteilt. Die Wahlen sind 2022, wir können also nicht weitere Monate abwarten. Denn selbst wenn die Kommission den Mechanismus einsetzt, dauert es noch einmal neun Monate, bis es tatsächlich zu Sanktionen kommt. Insofern: die Zeit läuft."
Polen an Ungarn géife mat der Zäit spillen, andeems se genee den Delai ofgewaart, bis wéini eng Klo nach méiglech war.
D'Parlament wier hei prett Konsequenzen ze zéien a bis un de Schluss ze goen, sou de Moritz Körner. D'Resolutioun géif vun alle Parteien ausser den extrem rietsen ënnerstëtzt ginn.
Esou eng Klo kéint allerdéngs och laang daueren, dat gëtt den FDP-Politiker zou. D'Parlament kéint dowéinst awer elo net einfach näischt maachen.
"Wir erleben, dass auf der einen Seite Polen und Ungarn, jeden Verhandlungstrick im Rat ausnutzen, um ihre Position zu stäerken. Dann muss die Konsequenz in einer Demokratie sein, dass das Parlament auf der anderen Seite genauso jede Möglichkeiten nützt, um den Rechtstaat in der EU zu schützen. Das versuchen wir mit dieser Resolution."
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.