Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Hiatus Kaiyote - Make Friends

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Recht op Eegentum awer kee Recht op Wunnéng?

Fräie Mikro

Recht op Eegentum awer kee Recht op Wunnéng?

Leschte Mëttwoch gouf an der Chamber d'Kapitel II vun der neier Verfassung mat grousser Majoritéit ugeholl. De Michel Pauly, Mataarbechter vun der Zäitschrëft Forum, bedauert, datt dat Kapitel der gesellschaftlecher Entwécklung net genuch Rechnung dréit.

auto_stories

3 min

De Michel Pauly ass Mataarbechter vun der Zäitschrëft Forum. Foto: Archiv.

Virun zéng Deeg huet eng rietspopulistesch Partei an enger Reklamm vun enger ganzer Säit behaapt - ech zitéieren: "D'Verfassungsreform wëllt den Eed ofschafen!" Dat ass eng glat Ligen. Et ass just virgesinn, datt de Beamten hiren Eed an Zukunft am Beamtegesetz verankert gëtt.

A fir d'Deputéiert an d'Ministere gëtt an der neier Verfassung déi traditionell Eedesformel "Je jure fidélité au Grand-Duc" ersat duerch: "Je jure d'observer la Constitution et les lois". Statt wéi am Mëttelalter oder zu Nazizäiten musse si net méi enger Persoun Loyalitéit schwieren, mä den Eed op d'Verfassung ofleeën. Dat ass sécher eng Upassung vun onser 153 Joer aler Verfassung un eng modern Opfaassung vum Staat.

Un de soziale Realitéite laanscht

Am Kapitel II vun der reforméierter Verfassung ginn et awer leider och Formuléierungen, déi laanscht déi sozial Realitéiten hei am Land ginn.

Am ale wéi am neien Text heescht et: "Les Luxembourgeois sont égaux devant la loi." D'Asti kritiséiert mat Recht, datt domat d'Auslänner, ëmmerhi bal 50 Prozent vun den Awunner, anscheinend net déi selwecht Rechter hunn.

Mä an allen internationale Konventiounen iwwer d'Mënscherechter steet, datt all Mënsche gläich Rechter mussen hunn, als Mënsch, net well se eng bestëmmte Nationalitéit hunn. An engem aneren Artikel gëtt jo ausdrécklech festgehalen, dass d'Auslänner net däerfe mat wiele goen.

Firwat dann den Artikel 11 op d'Lëtzebuerger reduzéieren? Ass dat de gesellschaftleche Realitéite Rechnung droen? Ass dat d'Verfassung un déi aktuell Praxis upassen?

Nodeems ech den Dossier am neiste Heft vun der Zäitschrëft Forum iwwer d'Grondeegentum gelies hat, ass mer nach eppes an der Verfassung opgefall. Am ale wéi am neien Text heescht et: "Nul ne peut être privé de sa propriété que pour cause d'utilité publique et moyennant juste indemnité." D'Recht op Privateegentum gehéiert domat zu de Grondrechter.

An der neier Verfassung kënnt elo eng nei Bestëmmung bäi: "L'Etat veille à ce que toute personne puisse vivre dignement et disposer d'un logement approprié." Dat ass awer just e Staatszil; kee Bierger kann dat Recht akloen.

Nei Verfassung ass d'Kand vun engem national gepräägte Politikermilieu

Méi kloer kënnt een dem Karl Marx säi Begrëff vum Klassenkampf net illustréieren: Proprietären hir Rechter gi konstitutionell geschützt, mä wie keen Eegentum huet, däerf just hoffen, datt de Staat sech beméit, him eng Wunneng ze verschafen. Wie keng huet, kann net juristesch dogéint virgoen.

Ce qu'il fallait démontrer: Och déi nei Verfassung ass d'Kand vun engem biergerlech a national gepräägte Politikermilieu. An elo versteet een och, firwat den Ënnerscheed tëschent Lëtzebuerger an Auslänner gemaach gëtt: Et si virun allem auslännesch Matbierger ouni Walrecht, déi sech keng Wunneng kënne leeschte, well se hei näischt geierft hunn.

Dat soen ech net well ech e verkappte Marxist wär, mä well ech et mam Poopst Jean-Paul II. halen - ech zitéieren: "Die Kirche (...) lehrt unmissverständlich, dass jedes Privateigentum immer mit einer 'sozialen Hypothek' belastet ist, dass alle Güter der allgemeinen Bestimmung dienen, die Gott ihnen zuschreibt."

Déi sozial Bestëmmung vum Privateegentum steet an der däitscher, mä nach ëmmer net an der Lëtzebuerger Verfassung.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.