Den éischte Recensement gouf de 26. Oktober gemaach: Bal 200 Leit goufen deen Dag an der Stad Lëtzebuerg gezielt, déi op der Strooss oder an Noutinfrastrukture liewen oder hospitaliséiert waren.
Dialog mat de Sozialaarbechter
D'Virginie Giarmana vun der A.S.B.L. Inter-Action erkläert, datt déi grouss Majoritéit vun de Persounen déi gezielt goufe, Männer waren. Den Duerchschnëttsalter louch bei 42 Joer.
Déi meescht Persoune waren och bereet, mat de Sozialaarbechter ze schwätzen. Ënner anerem konnt een esou erausfannen, firwat d'Leit kee fest Doheem hunn, seet d'Virginie Giarmana.
"Il y a environ 34 pourcents des personnes qui sont arrivées au Luxembourg sans logement. Et puis viennent les problèmes financiers, les séparations familiales, les expulsions du domicile, qui peuvent être à la fois des déguerpissements ou des mises à l'écart suite à des violences familiales."
Och a Gemenge soll dësen Exercice gemaach ginn
D'Familljeministesch Corinne Cahen präziséiert, datt d'Zuele vum leschten Oktober just eng Momentopnam sinn. Fir dëst Joer sinn dofir zwou weider Zielunge geplangt: Eng am Mee an eng am Dezember fir d'Wanteraktioun, erkläert d'Stephanie Goerens vum Familljeministère.
"Et ass d'Iddi, de Recensement auszebauen. Mat Inter-Action zesummen ze kucken, wat fir eng Léieren zéie mir hei raus? Wéi baue mir et aus? Wat fir eng Froe baue mir vläicht nach mat an? Huele mir méi Kategorien?"
Nodeems deen Exercice e puer Mol gemaach ginn ass hätt ee fiabel Chifferen. Sou kéint een dann och Conclusiounen doraus zéien, seet d'Stéphanie Goerens.
Bis elo gouf just d'Stad erfaasst. D'Corinne Cahen seet awer, datt een och an anere Gemengen e Recensement fir Leit ouni fest Doheem wéilt maachen. D'nächst Joer wier och eng europäesch Initiative virgesinn, fir Leit ouni Doheem ze zielen.