D'Regierung géif sech weider op EU-Niveau fir ee komplette Verbuet asetzen. Déi lescht Joren hätte scho gewisen, datt et och ouni Glyphosat geet. Well de Lëtzebuerger Staat net genuch valabel juristesch Argumenter virbruecht huet, huet d'Verwaltungsgeriicht och an zweeter Instanz dat eesäitegt Lëtzebuerger Glyphosat-Verbuet gekippt. Dat géif sech elo änneren, erkläert de Landwirtschaftsminister Claude Haagen.
"Mir wäerten eng Etüd an Optrag ginn, mat engem Institut de recherche. Fir ganz einfach op den Argumentaire deen am Arrêt vun der Cour administrative steet, par rapport zu der characetristique environnamentale ou agricole particulière ze reagéieren."
Reglementer sollen ugepasst ginn
Mat wéi engem Institut de Recherche hei zesumme geschafft soll ginn, fir déi negativ Auswierkunge vum Glyphosat ze beleeën, konnt de Landwirtschaftsminister nach net präziséieren.
Zousätzlech solle verschidde Reglementer ugepasst ginn. Sou soll ënnert anerem vum 1. Januar un de Reglement Grand-ducal ugepasst ginn, deen de Verkaf, de Gebrauch an de Stockage vum Glyphosat reegele soll.
Ënnerierdesch Drénkwaasserquelle solle geschützt ginn
Am Regierungsrot gouf decidéiert, de Perimeter vun de Schutzzonen, an deenen den Asaz vu Glyphosat verbueden ass, ze erweideren.
De Glyphosat wier a sämtlechen Zonen, wat Drénkwaasserzonen a Quelleschutz ubelaangt verbueden. Hie betount, datt ronderëm de Stauséi souwisou schonn ee Verbuet géif gëllen a lo och eng Extensioun ronderëm déi aner Zone gemaach gouf.
An der EU ass de Glyphosat fir den Ament nach bis de 15. Dezember dëst Joer zougelooss. Da soll iwwer eng eventuell Verlängerung vun der Zouloossung decidéiert ginn.