De Sécherheetsrot hätt elo schonn zwee Mol versot, sou de Jean Asselborn. "Et ass net onméiglech, datt et nach zu engem Konsens kennt. Mä am Fong ass et lamentabel fir déi International Gemeinschaft, datt een et net fäerdeg bréngt, eng Resolutioun gutt ze heeschen." Et géif net drëm goen, een ze beschëllegen, seet den Ausseminister. "Déi Resolutioun soll näischt weider maachen, wéi eng Enquête lancéieren, fir erauszefannen, wie fir d'Gëftgasattack responsabel ass."
De Jean Asselborn huet sech weider fir eng politesch Léisung ausgeschwat. "Déi Attack ass keng Kehrtwende am Syrien-Konflikt. Ech bléiwe fest dovun iwwerzeegt, datt ee just ënnert dem Lead vun der UNO zu enger dauerhafter Solutioun kënnt, virun allem am Sënn vun der UNO-Decisioun vum Dezember 2015." Dës Resolutioun gesäit vir, datt déi syresch Populatioun d'Transitioun an e Land nom Konflikt selwer soll matbestëmmen.
Trump ännert Meenung
De Jean Asselborn kritiséiert och de "radikale" Revirement an der Politik vum US-President Donald Trump. "E Méindeg dës Woch souze mir als Ausseminister nach zesummen an et huet geheescht, de Baschar al-Assad ass keng Prioritéit. Dat heescht, datt den al-Assad hätt kënnen en Deel vun der Transitioun sinn." Just e puer Deeg méi spéit wier d'US-Positioun dann op emol eng ganz aner. Den Ausseminister huet dorun erënnert, datt den Donald Trump am Wahlkampf nach der Hillary Clinton reprochéiert hat, eng Interventioun a Syrien kéint zu engem direkte Konflikt mat Russland féieren.
De Jean Asselborn hofft, datt d'Visite vum US-Ausseminister Rex Tillerson zu Moskau d'nächst Woch béid Parteien erëm méi no beienee ka bréngen. Russland hat d'US-Attack um Freideg schaarf kritiséiert. Déi amerikanesch Interventioun wier en Ugrëff op e souveräne Staat, huet et aus dem Kreml geheescht. "Ech ka mer net virstellen, datt et och nëmmen ee Politiker gëtt, deen en Interêt dovun huet, wann déi Barbarei do weidergeet."