De Statec hat d'lescht Woch matgedeelt, datt et ëmmer méi warscheinlech géif ginn, datt déi nächst Indextranche op den 1. Oktober oder 1. November applizéiert gëtt. Wann dat geschitt géif d'Koalitioun nach eemol iwwer d'Upassung vum Kannergeld un d'Präisdeirecht beroden, sou d'Corinne Cahen. Am Prinzip ass geplangt datt een entspriechend Gesetz Ufank d'nächst Joer a Kraaft trëtt. Den CSV-Deputéierte Marc Spautz hat iwwert de Wee vun engem Gesetzes-Virschlag gefuerdert, datt d'Kannergeld retroaktiv bis d'Joer 2019 soll indexéiert ginn, fir ee Kafkraaftverloscht bei de Famillen ze verhënneren.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Indexéierung vum Kannergeld nach emol an der Diskussioun
Familljeministère
Indexéierung vum Kannergeld nach emol an der Diskussioun
D'Familljeministesch schléisst net aus, datt d'Indexéierung vum Kannergeld nach eemol nei evaluéiert ka ginn. Dat sot d'Corinne Cahen eis no de Reunioun vun der Chamber-Familljekommissioun den Dënschdeg de Moien. Si wëllt awer fir de Moment nach ofwaarden, ob déi nächst Indextranche wierklech nach virum Enn vun dësem Joer erfällt.
auto_stories
1 min
Foto: Archiv