arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rassismus zu Lëtzebuerg

Chamberdebatt

|
reading time

4 min

Rassismus zu Lëtzebuerg

Rassismus ass e Phenomeen, deen och zu Lëtzebuerg staark present ass an op all Niveau misst ugepaakt ginn. Doriwwer ware sech Majoritéit an Oppositioun, mat Ausnam vun der ADR, an der Chamber eens.

reading time

4 min

Zanter dem Doud vum George Floyd an den USA an de weltwäite Protester géint Policegewalt un der Schwaarzer Communautéit, réckelt d'Problematik vum Rassismus ëmmer méi an de gesellschaftleche Mëttelpunkt.

Individuellen a strukturelle Rassismus

Rassismus wier eng vun de perfideste Forme vun Diskriminatioun, esou den CSV-Deputéierte Paul Galles am Ufank vum Debat. Egal, ob individuell oder strukturell: Rassismus gouf a géif weiderhi genotzt gi fir politesch, ekonomesch, a kolonialistesch Ziler ze erreechen.

Dobäi stäipt sech de Rassismus op eng Theorie, déi scho laang wëssenschaftlech a biologesch widderluecht ass, esou de Paul Galles. Ënner anerem d'Etüd "Being Black in the EU" hätt gewisen, wéi present Rassismus zu Lëtzebuerg ass, an dat virun allem an de Beräicher vu Wunnengssich, Aarbechtsmaart an Educatioun. Dat wier keen individuellen Alldagsrassismus, mee e strukturellen, systematesche Rassismus, betount de Paul Galles.

D'Roll vu Lëtzebuerg am Kongo

Datt Rassismus zu Lëtzebuerg un der Wuerzel misst ugepaakt ginn, betount de Deputéierte Sven Clement vun der Piratepartei. An do misst Lëtzebuerg sech och a senger Kolonialgeschicht mam Kongo hannerfroen.

Déi belsch Kinneksfamill hätt sech rezent nach eng Kéier dofir entschëllegt, "wat se am Kongo gemaach huet". D'Roll vu Lëtzebuerg wier an deem Kontext awer nach ëmmer net genuch erfuerscht, ënnersträicht de Sven Clement.

An de Schoulen iwwer Rassismus opklären

Déi Lëtzebuergesch an europäesch Kolonialgeschicht misst och an de Schoule méi opgeschafft ginn, betount de gréngen Deputéierte Charel Margue. D'Fro wier iwwerdeems net, ob et de Rassismus gëtt, mee wéi een de Rassismus kéint bekämpfen.

Dobäi wier jiddweree gefuerdert, seng eege Reflexer ze iwwerdenken a sech dem dacks ënnerschwellege Rassismus zu Lëtzebuerg méi bewosst ze ginn, mengt nach d'Piratepartei.

Denkmusteren änneren

Effektiv géif sech de Rassismus zu Lëtzebuerg net onbedéngt duerch Policegewalt manifestéieren, mee an alldeegleche Virurteeler, esou den DP-Deputéierte Max Hahn. Fir dës Zort vun Diskriminéierung ze bekämpfe missten d'Denkmusteren, déi vu Generatioun zu Generatioun dacks onbewosst vermëttelt goufen, opgebrach an hannerfrot ginn.

"Mir musse léiere mateneen ze schwätzen an nozelauschteren, an domadder muss ee schonn an der Schoul bei de ganz klenge Kanner ufänken."

Donieft géif Diskriminatioun zu Lëtzebuerg dacks ouni Konsequenze bleiwen. Am Numm vun de Koalitiounsparteie gouf dofir eng Resolutioun agereecht, déi zum Zil huet d'Kompetenz vum Centre pour l'égalité de Traitement (CET) ze erweideren.

Den LSAP-Deputéierte Yves Cruchten betount, datt fir Rassismus ze bekämpfe Gesetzer eleng net duerginn - et misst en Ëmdenke geschéien. Et misst ee sech mat sengem eegene Privileeg auserneesetzen, an et misst een och akzeptéieren, "dat vill Leit d'Welt ganz anescht erliewe wéi mir, an datt eis eegen Experienz net onbedéngt d'Norm ass", esou de President vun der LSAP.

ADR: kee strukturelle Rassismus zu Lëtzebuerg

Ganz anescht huet sech den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser positionéiert:

"Dir fannt eis net op där Säit, déi mengen, de Rassismus kéint doduerch bekämpft ginn, datt mer eis Fräiheete beschränken, datt mer eng Hypokrisie ënnerstëtzen, datt mer leegnen, wat gutt ass an eiser Gesellschaft."

Zwar wier ee géint de Rassismus, mee d'ADR ass der Meenung, datt et zu Lëtzebuerg kee strukturelle Rassismus gëtt. Déi héich Auslännerzuel zu Lëtzebuerg géif weisen, wéi divers Lëtzebuerg ass, a wéi vill d'Land a Punkto Integratioun scho geleescht hätt, esou de Fernand Kartheiser.

"Keen Alibi fir net doriwwer ze schwätzen"

Heescht et nach vun der Corinne Cahen. Jiddweree wier anescht, an dat wier och d'Stäerkt vu Lëtzebuerg, mee dat soll keen Alibi dofir sinn, datt een net iwwer Rassismus dierft schwätzen, ënnersträicht d'Integratiounsministerin. Et dierft een och net esou maachen, "wéi wann et dat hei zu Lëtzebuerg net géif ginn".

Et wier deemno wichteg de Betraffenen d'Moyene ze ginn Diskriminatioun ze mellen an och den Hate Speech ze bekämpfen.

Rassismus an de globale Strukturen

Den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner fuerdert iwwerdeems, datt net nëmmen d'Kolonialgeschicht opgeschafft, mee och d'global Strukturen dekoloniséiert ginn. Als Beispill nennt hien d'Fräihandelsverträg, "déi weiderhin nach ëmmer eng kolonial Approche hunn".

Fir den déifgräifende Phenomeen vum Rassismus besser an Zuelen an Donnéeën ze verstoen, gouf zum Schluss vun der Debatt eng Motioun heizou eestëmmeg ugeholl. Bei dëser geplangter Etüd wier et awer wichteg, datt virun allem déi Betraffen an der Evaluatioun mat abezu ginn, esou nach den David Wagner, Deputéiert vun déi Lénk.