Lutte géint Diskriminatioun Rassismus: Quote sinn "net dee richtege Wee"

D'Integratiounsministerin hält näischt dovu fir Quoten anzeféiere fir ze garantéieren, datt d'Betriber och Mataarbechter mat schwaarzer Hautfaarf astellen. Quote wieren net dee richtege Wee, esou d'Corinne Cahen. Et misst vu klengem un op Opklärung a Sensibiliséierung gesat ginn.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Corinne Cahen.jpg

D'DP-Ministerin encouragéiert d'Betriber sech fräiwëlleg mat enger Charte dozou ze engagéieren, d'Diversitéit ënner hire Mataarbechter ze garantéieren. D'Corinne Cahen wëllt doriwwer eraus verstäerkt op Sensibiliséierung setzen.

"Dee schéinsten Encouragement fir eng Entreprise ass deen, datt mer haut wëssen - an do ass och eng Etüde gemaach ginn - datt wann der an ärem Betrib d'Diversitéit lieft, an dat bewosst lieft, datt dann d'ekonomesch Resultater vum Betrib vill besser si wéi an anere Betriber."

Wann een déi betraffe Leit wéilt "empoweren" an Anti-Diskriministatiounsprogrammer maachen, da sollt een dat der Ministerin no net nëmmen aus enger negativer Approche eraus maachen.

"Et gi scho Programmer, déi ganz laang lafen. Déi ech net direkt erfonnt hunn, an déi och extrem vill Succès hunn, wéi zum Beispill, d'Diversity-Charte an den Entreprisen, an den Associatiounen an an de verschiddenen Administratiounen."

Bei dëse Programmer missten Entreprisë sech awer fräiwëlleg engagéieren.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Věra Jourová
Etat de droit

Pole verstéisst wéinst verschiddene Gesetzer an dem Ausruffe vun LGBTI-fräien Zone géint fundamental EU-Rechter. Du där Conclusioun kënnt e Rapport vum EU-Parlament. Méi konkret Mesurë gi verlaangt.

Enrica Pianaro
LGBT-Rechter

Fir d'Rechter vun Homosexuellen, Lesben, Transgender an Intersex-Leit zu Lëtzebuerg wier an de leschte Jore vill gemaach ginn, seet Enrica Pianaro. Iwwer Homo- an Transphobie géifen Donnéeë feelen.

Rollstull
Chancegläichheet

D'UN-Konventioun fir d’Rechter vu Persoune mat Behënnerung muss zu Lëtzebuerg nach ëmgesat ginn. Eng besser Integratioun a manner Diskriminéierung fuerderen an deem Kader d'Behënnerten-Organisatiounen.

Marc Fischbach.JPG
Marc Fischbach

Dem Marc Fischbach goung et a senge ville Funktiounen ëmmer ëm d'Dignitéit. Mam Jay Schiltz schwätzt hien iwwer seng politesch Carrière. Iwwer Héichten an Déiften. An iwwer d'Erfëllung als Ombudsmann.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen