Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Rassismus geet jiddwereen eppes un"

Mäin Europa

"Rassismus geet jiddwereen eppes un"

Weltwäit ginn d'Stëmme vum "Black Lives Matter" Mouvement ëmmer méi haart. Demonstréiert gëtt fir eng Welt ouni Rassismus a méi sozial Gerechtegkeet fir Mënsche mat schwaarzer Hautfaarf. Zanter 20 Joer sinn an der Europäescher Unioun zwar Legislatiounen en place fir géint Diskriminatioun a Rassismus virzegoen, mee d'Konsequenze vum Kolonialismus an der Sklaverei si bis haut nach ze spieren. Wéi kann een dee Phenomeen un der Wuerzel paken?

auto_stories

7 min

Foto: Isabel Scott a Rahel Könen

Duerch d'Protestbeweegung Black Lives Matter, déi mëttlerweil e weltwäite Phenomeen ginn ass, réckelt d'Problematik vum Rassismus ëmmer méi an de gesellschaftleche Virdergrond. Nieft der Verurteelung vu Policegewalt géigeniwwer Schwaarze Mënsche, geet et beim Protest och ëm déi alldeeglech Diskriminatioun, vun där dës betraffen Demonstrantin erzielt.

"Dans les petits mots, les petits gestes, les gens ne se rendent pas compte que le rassisme est là. Il est peut-être pas visible comme aux Etats-Unis, mais il est vraiment là. C'est comme une normalité pour nous, qu'on te dise: 'Dégage là-bas sale noire, t'es pas assez belle pour une noire.' On n'arrive même plus a s'énerver. Mais on dit non à la violence et aux abus de pouvoir. Black Lives Matter." "

Datt Rassismus e Phenomeen ass, deen och an europäesche Länner staark present ass, weist eng rezent Etüd, déi Enn 2018 ënner dem Numm "Being Black in the EU" publizéiert gouf. Den Auteur Henri Nickels vun der EU Agence fir Grondrechter (FRA) erkläert, datt d'Resultater schockant waren.

D'Problematik vun dësem strukturelle Rassismus wier, datt e manner offensichtlech ass, esou déi gebierteg Kapverdianerin Antónia Ganeto. Zanter de 70er Jore lieft si schonn zu Lëtzebuerg a setzt sech nieft hirer Aarbecht an der interkultureller Bildung mat hirer Associatioun Finkapé fir Mënsche mat afrikaneschen Originnen an. Si erkläert, datt de strukturelle Rassismus sech dacks duerch ganz alldeegleche Bemierkunge manifestéiert. Dat wier och ënnerschwelleg an net ëmmer bewosst. Duerch d'Sozialiséierung an Europa géif een indirekt déi Stereotyppen oder déi Virurteeler vun "dem mannerwäertege Schwaarze Mënsch" integréieren, seet d'Antónia Ganeto.

D'Antónia Ganeto schafft zanter méi wéi 25 Joer an der interkultureller Bildung

Onbewosst géif een doduerch Mënsche mat schwaarzer Hautfaarf anescht entgéint trieden, an hinne beispillsweis manner zoutrauen.

Datt een als Schwaarze Mënsch zu Lëtzebuerg awer dacks a sengen Erfarunge mat Rassismus net wouergeholl gëtt, weist den Temoignage vun dëser Demonstrantin:

"Et ass schwéier esou ze schwätzen, wat engem um Häerz läit, well et awer en Theema ass, mir sinn an 2020 a si soen et soll een toleréieren an akzeptéieren, mee dat gëtt eben net gemaach. An da wann ee seet, hei gëtt et och Rassismus, nee dat gëtt et net, dat gëtt et nëmmen an Amerika, a sou weider. An och déi Kommentaren, déi ee liest, wou d'Leit soen, firwat komme si erëm protestéieren, esou schlëmm ass et net. Hu si dat erlieft? Nee. Dat ass eppes, wat si nimools wäerte verstoen. Wann een dat selwer net erlieft huet, da weess een net, wat dat ass fir e Gefill. Permanent wéinst senger Hautfaarf eppes gesot ze kréien. Oder net weiderzekomme wéinst senger Hautfaarf. Dat hu leider déi Wäiss net erlieft, an ech hoffen och, si erliewen dat net. Well dat doten ass eppes, dat ass einfach grausam."

Och d'Antónia Ganeto, vun der Associatioun Finkapé, betount, datt d'Reproduktioun vu Stereotyppe seng Spueren hannerléisst.

"Wann een dat ëmmer higehale kritt als Spigelbild, dat devaloriséiert een. E Jugendlechen an herno och en erwuessene Mënsch, dee muss sech do eréischt mol aus deem Stereotyp eraus befreien, an dat ass ustrengend",

esou d'Aktivistin. Wann déi Jugendlech oder Kanner géife verstoen, wat dat mat engem mécht, datt dat och eng Zort Gewalt ass, da géif och déi ganz Gesellschaft sech méi concernéiert fillen an d'Chancë klammen, datt jiddwereen dann och eng Hand mat upéckt, fir de Problem ze léisen.

Säin Ursprong fënnt de Rassismus am 19. Joerhonnert, wou Kolonialismus a Sklaverei duerch déi deemoleg Rassentheorie justifiéiert goufen. Dem Antónia Ganeto no, spigelt sech den Impakt vun dëser Zäit nach op villen Niveauen erëm. Déi ganz Visioun vun der Welt wier souzesoen nach verfälscht, seet si.

"Et ginn iwwerall Statue vu Colonisateuren, déi iwwerall an de Groussstied tréinen an eis de Messagë ginn, datt dat an der Rei war. Dat heescht am Enseignement, mee och net nëmmen, an all de Strukturen, misst een Ëmdenken, an eng Sensibiliséierung geschéien, fir datt och grondsätzlech eist Gesellschaftsbild sech verännert. Well de Kolonialismus huet eigentlech ni opgehalen, en ass nach ëmmer present. Dat heescht, Afrika gëtt nach ëmmer ausgebeut, an d'Ressourcë ginn nach ëmmer erausgeholl, a wa Mënsche versichen ze flüchten, well si eben an der Aarmut liewen an hiert d'Liewe verléieren, da gëtt dat einfach esou higeholl."

Domat géif e Weltbild reproduzéiert ginn, andeem e Schwaarzt Mënscheliewe manner wäert ass, wéi d'Liewe vun engem wäisse Mënsch. A fir dës Mentalitéit ze kippen, misst op allen Niveauen an der Gesellschaft ugepaakt ginn.

D'Maria Daniella Marouda

Déi Meenung vertrëtt och d'Maria Daniella Marouda, Presidentin vun der Europäescher Kommissioun géint Rassismus an Intoleranz. Ënner anerem duerch d'Kolonialgeschicht hätt sech de strukturelle Rassismus souwuel an der kultureller Identitéit, wéi och an de Institutioune vu Länner vernetzt. An dat géif sech ënner anerem an der Geschicht weisen, déi Kanner a Jugendlecher geléiert ginn.

"Mir wëllen, datt den Educatiounssystem unerkennt, datt dës Problemer existéieren. Zemools déi, déi a Relatioun mat der Iwwerleeënheet vu Wäisse stinn. An dat kann nëmme geschéien, wa mir Strategien entwéckelen, déi de Rassismus, d'Xenophobie, d'Stereotyppen a Prejugée bekämpfen. Dofir musse mir prett sinn dës anzegesinn. Dofir gi Gesetzer net duer. Mir brauchen eng méi holistesch Approche, mat preventiven a proaktive Mesuren. Mir brauche Strategien, déi inklusiv sinn, an déi der Realitéit um Terrain gerecht ginn."

D'Antionia Ganeto, Enseignante an der interkultureller Bildung betount, datt d'Aarbecht vum Anti-Rassismus an enger Majoritéitsgesellschaft virun allem domat ufänkt, sech senge wäisse Privileegie bewosst ze ginn. An dat wier dacks ee Prozess de wéideet. Dës Selbst-Reflexioun wier e wichtege Schrëtt fir sech iwwerhaapt bewosst ze ginn, datt et Rassismus gëtt. Mat Scholdgefiller wier awer kengem gehollef.

De Centre pour l'égalité de Traitement ass der Meenung, datt hei am Land nach méi an déi alldeeglech Sensibiliséierung misst investéiert ginn, esou déi zoustänneg Direktesch Nathalie Morgenthaler.

"Et muss ee scho bei klenge Kanner ufänken, an de Volet feelt nach e bëssen, datt ee scho verhënnert, datt Stereotyppen a Virurteeler scho bei deene klenge Kanner opkommen."

Den Ament géifen och déi néideg Moyene feele fir hei am Land géint Diskriminatioun a Rassismus geriichtlech kënne virzegoen, heescht et nach vum CET. Dofir wier d'Regierung elo méi wéi jee gefuerdert konkreet Moossnamen ze huelen, esou d'Antónia Ganeto vun der Associatioun Finkapé.

"Fir eben de Curriculum an de Schoulen ze änneren, fir ze sensibiliséieren a verschiddene Strukturen ze implementéieren. Eppes Konkretes ze maachen an deem Rechnung ze droen, well awer och ganz vill Leit elo hir Meenung ausgedréckt hunn, andeems si op d'Strooss gaange sinn, andeems si schreiwen, an datt si dat wouerhuelen an dann och konkret ëmsetzen."

Och de CET ënnersträicht, datt et Nohuelbedarf gëtt fir d'Stëmme vun deene Mënschen ze consideréieren, déi vum Rassismus an der Diskriminatioun betraff sinn. Nëmmen esou kéint de Problem u senger Wuerzel gepaakt ginn.

"Als Schwaarz Afrikanesch Fra erlieft ee Rassismus iwwerall. Ech hunn et a mir selwer misse konfrontéieren, ... a muslimesche Länner, a wäisse Länner, iwwerall. An dat ass eng Zort vu Gewalt. Mir schwätze vun engem Krich géint de Coronavirus, mee dat heiten ass bal méi wichteg: Et affektéiert eis Kanner. Mir si Mammen a mir wëlle just, datt eis Kanner als gläichwäerteg ugesi ginn. Dat ass alles. Mir wëllen an enger besserer Welt liewen. Mat Léift. A wann ee mech net gär huet, da kann ee mech wéinstens respektéieren."