Radioen

On air

Tockcity  |  Bob Vylan - Makes Me Violent

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rapport ofgeschloss

Geheimdéngschtarchiven

Rapport ofgeschloss

Déi vum Staat beoptraagten Historiker hunn hir Recherche op den historesche Geheimdéngscht-Archiven ofgeschloss. Dat huet de Staatsministère eis op Nofro hi confirméiert. De ronn 100 Säite laange Rapport soll am Februar publizéiert ginn.

auto_stories

3 min

Foto: Richard Peterson Archiv

De Jean Reitz an d'Nadine Geisler hunn hire Rapport deemno ofginn, zwee an en halleft Joer nodeems si den Optrag kruten an iwwer siwe Joer nodeems d'Existenz vun dësen Archiven bekannt gouf.

Am November 2012 ass d'Gespréich, dat de fréiere Geheimdéngschtchef 2008 mat senger Auer opgeholl hat, public ginn. Do seet de Marco Mille:

"Mir hunn 300.000 Karteikaarten am Keller leien. Dunn hunn ech gesot: Ok, elo huelt der d'Lëscht vun all deene Leit, déi gewielte Mandatsträger sinn a kuckt, ob déi dra sinn. A wa si dra sinn, geheit dir si eraus. Alles zerstéiert, well, wéi gesot, d'Gréng Partei, och d'Kommunistesch Partei ass fir mech en net onnëtzlechen Deel vun der politescher Meinungsvielfalt."

Politesche Spionage wier fréier massiv gemaach ginn, sot an deem nämmlechte Gespréich de Premier Jean-Claude Juncker.

En zweet Archiv um Schlass zu Senneng

D'Publikatioun vum "Aueregespréich" huet bekanntlech zu enger Enquêtëkommissioun an der Chamber an Neiwalen am Hierscht 2013 geféiert. Am Laf vun der SREL-Affär hat de radio 100,7 opgedeckt, datt et en zweeten Archiv um Schlass zu Senneng gouf.

Am Ofschlossrapport vun der Enquêtëkommissioun goung rieds vu ronn 13.000 Fichen iwwer Persounen, Societéiten an Associatiounen, déi op Pabeier a Microfichen am ale SREL-Archiv fonnt goufen. Datt dës Archive missten erhalen an opgeschafft ginn, war eng vun de Recommandatioune vun der Enquêtëkommissioun:

"La commission d'enquête n'a pu prendre que très partiellement note du contenu des archives du SREL. Elle considère que ces documents ne devraient en aucun cas être détruits. Elle estime qu'il y a lieu de les confier à un groupe d'experts dans le but de les répertorier, classer, analyser et d'organiser leur mise à disposition des personnes fichées. Ces données accumulées au fil des années sont aujourd'hui d'un intérêt historique indéniable. Véritables témoignages d'une manière d'agir et de penser d'une époque que l'on espérait définitivement révolue, il importe maintenant d'en comprendre la portée et de l'assimiler dans la mémoire collective comme partie intégrante de notre histoire."

Ginn d'Archiven nach weiderverschafft?

Wéi d'Archive sollten opgeschafft ginn, gouf 2016 an engem Gesetz definéiert. Hei ass och virgesinn, datt all persounebezunnen Donnéeën an der publizéierter Versioun vum Ofschlossrapport musse geschwäerzt ginn.

D'Historiker Jean Reitz an d'Nadine Geissler hunn am Juni 2017 mat hirer Recherche ugefaangen. Begleet goufe si vun engem Evaluatiounscomité mat Vertrieder vum Staat, der Chamber, an der Uni.

Si sollte weisen, wéi de Geheimdéngscht tëschent 1960 an 2001 operéiert huet. Hir Aufgab war och, fir en Tri vun den Dokumenter ze maachen. Wat als wichteg fir d'Geschicht vum Land betruecht gëtt, soll definitiv un d'Nationalarchiven iwwerdroe ginn. Dokumenter, déi net kënnen deklasséiert ginn, solle par konter nees zeréck un de SREL goen oder zerstéiert ginn.

Ob d'Archiven iwwer dës éischt Recherche eraus nach weider sollen opgeschafft ginn, doriwwer kéint een den Ament näischt soen, heescht et aus dem Staatsministère. Déi Fro wéilt de Staatsminister awer och mat der Chamber nach diskutéieren.