An de leschten zéng Joer konnten d'Milliardären op der Welt all zesummen hire Räichtum verduebelen. Vun 100 Dollar, déi an där Zäit kreéiert goufen, sinn der 54,40 Dollar un dee räichsten ee Prozent vun der Mënschheet gaangen an 0,70 Dollar un déi äermsten Hallschent vun der Mënschheet.
Aarmut an Ongläichheet
2022 hunn d'Energiekonzerner hir Profitter verduebelt an 257 Milliarden Dollar un hir Aktionären ausbezuelt, wärend 800 Millioune Leit Honger gelidden hunn. Déi Zuelen a munch anerer stinn am Rapport "Survival of the Richest", deen déi international ONG OXFAM am Januar beim Weltwirtschaftsforum zu Davos presentéiert huet.
Vun de Milliardären op der Welt wunnt wuel keen zu Lëtzebuerg, mee méi wéi een huet op d'mannst en Deel vu senge Suen an Aktien op Lëtzebuerger Banke stoen. Nëmme véier Cent vun all Dollar, deen op der Welt als Steiere bezuelt gëtt, kënnt aus Verméigenssteieren. D'Hallschent vun de Milliardäre wunnt a Länner, wou et keng Verméigenssteier gëtt.
Déi Ongläichheet an der Verdeelung vum Räichtum op der Welt ass net nei an ass op déi kolonial Ausbeutung zeréckzeféieren, un där Lëtzebuerg net onbedeelegt war, wéi eng rezent Ausstellung am Musée um Fëschmaart gewisen huet. Si ass eng Haaptursaach, firwat ëmmer méi Leit aus Afrika wëllen an Europa auswanderen.
Mindestloun geet net duer
Aarmut an Ongläichheet gëtt et och am räiche Lëtzebuerg, dat schonn de 14. Februar all Rostoffer an Nahrungsmëttelen opgebraucht hat, déi him fir 2023 eigentlech zoustinn. Mir liewe zanterhier op d'Käschte vum Rescht vun der Welt. Och hei gëllt dem Bert Brecht säi Sproch: "Wäers Du net räich, wär ech net aarm." Am forum-Dossier, deen hauterauskënnt, gëtt ee gewuer, wéi et hei am Land mat der Aarmut steet.
Vum Aarmutsrisiko si virun allem Famille betraff, wou een eleng muss d'Kanner erzéien oder, an dat trotz Kannergeld, déi méi wéi zwee Kanner hunn. Eng Persoun vun aacht verdéngt manner wéi den Existenzminimum, obschose schaffe geet. De soziale Mindestloun läit am Moment bei 2.387,40 Euro. An enger Famill mat engem Kand sinn dat manner wéi 80 Euro den Dag oder 26,50 Euro op de Kapp. An da soll se 800 oder nach méi Euro Loyer de Mount bezuelen. Vu Vakanz, Kino, neie Schong kënne se nëmmen dreemen. Och de STATEC huet ausgerechent, datt de Mindestloun ënner dem Existenzminimum läit, deen e Liewen an der Dignitéit géif erlaben.
Steiererhéijung fir déi Räich
D'forum-Redaktioun fuerdert dofir an hirem Schlusswuert als éischt, de Mindestloun an de REVIS, de Revenu d'inclusion sociale fir déi, déi kee Loun verdéngen, un den Existenzminimum unzehiewen. An un déi zukünfteg Gemengepäpp a -mamme riicht sech d'Fuerderung, am Koalitiounsvertrag kloer festzehalen, wéi vill sozial Wunnenge se an de nächste sechs Joer wëlles hunn ze bauen.
Den Zweck vun de Steieren ass ganz kloer eng Ëmverdeelung vum Räichtum. OXFAM fuerdert zu Recht, datt déi Räich weltwäit méi Steiere misste bezuelen. Dat gëllt och fir Lëtzebuerg. Wien dat refuséiert, aus wéi enge Grënn och ëmmer, seet kloer, op wiem senger Säit e steet.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.