Hannert dem Hygie Grupp stinn Investisseuren, déi mat Doktercabinete wëlle Beneficer maachen. Doriwwer hat d'Wochenzeitung Lëtzebuerger Land déi lescht Wochen am Detail bericht.
Gespréicher si geplangt
D'Geschäftsiddi ass einfach a gëtt et am Beräich vun der Zännmedezin och schonn: Een Investisseur stellt Gebailechkeeten an Apparater zur Verfügung, déi Dokteren da kënne lounen. Dat neit Gesetz iwwer de virage ambulatoire an de Beräicher Radiologie, Dialyse, Dagesspidol an Onkologie schléisst dëse Modell net explizitt aus. Déi bis zu 32 ambulant Antennen, déi uechter d'Land dierfen entstoen, mussen zwar vu Spideeler an Doktere bedriwwe ginn, mee d'Infrastruktur an d'Apparater mussen hinnen net selwer gehéieren. Domadder ass d'Dier op fir ëffentlech-privat Partnerschaften.
Den Escher Centre Hospitalier gouf scho vun Hygie kontaktéiert, fir ee gemeinsame Radiologiezentrum zu Esch op d'Been ze stellen. Gespréicher si geplangt, seet de CHEM-Generaldirekter. Een Interview wëll de René Metz zu dësem Zäitpunkt net ginn. Mee seng Krittären nennt hie kloer: De CHEM mécht just Antennen op an deenen och déi eegen Doktere wëlle schaffen. An ee Loyer, deen dem Investisseur erlaabt, Beneficer ze maachen, wier een net bereet ze bezuelen.
Wat wiere méiglech Alternativen?
Eng Haltung, déi de Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman, de Marc Berna, deelt.
"Wann Dir vu Leit ofhängeg sidd, déi primär d'Zil verfollegen, fir Gewënn mat esou Strukturen ze maachen, dann ass dat sécher eppes, wat fir eis als Klinik problematesch wier."
Weder dem Patient nach dem Personal wier domadder gedéngt, mengt de Marc Berna. Alternativ kéinten Antennen och a Gebaier entstoen, déi enger Gemeng gehéieren, dem Spidol selwer, oder och den Dokteren.
"Dat sinn alles Saachen, déi am Gesetzeskader menger Meenung no méiglech sinn an déi mir och elo prinzipiell net ausschléissen. Mee mir géifen ëmmer ganz gutt kucken, mat wiem mir eis géifen aloossen."
Wéi den Hygie-Grupp d'Situatioun gesäit, ass net bekannt. Bis ewell konnte mir de Grupp net fir een Interview erreechen.