De Radio kéint seng Missioun net erfëllen, wann e wéinstens zwee Journaliste misst astellen."Mir mussen d'Leit encadréieren an eis Administratioun maachen. Mir hunn am Moment keen Techniker, deen agestallt ass. Technik leeft voll benevole. An et muss ee sech einfach virstellen, datt wann e groussen technesche Problem ass, oder deene Leit eppes geschitt - dann ass et eriwwer."
Fir weider esou Servicer kënnen unzebidden, fuerdert de Guy Antony, datt "Biergermedien" en eegent Gesetz kréien. Dora misste Krittäre festgeschriwwe ginn, wéi dës Medien zur Medienerzéiung an der Gesellschaft bäidroen, oder datt se Sendungen a Sproochen ubidden, déi soss net an de Lëtzebuerger Medien optauchen.
Missioun a Moyenen definéieren
De Radio ARA misst fuddelen, wann en dee Krittär vu minimum zwee professionelle Journaliste misst erfëllen. Fir seng Missioun ze erfëlle misst de Radio ARA déi néideg Mëttel kréien. "An dat heescht net, datt mir net och wëllen e Beruffsjournalist hunn. Mee net déi zwou éischt Persounen", esou de President vum ARA.
De Radio ARA ass zanter bal 30 Joer e klengen, awer feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Medielandschaft. E Sender, dee ganz divers Programmen ubitt, déi gréisstendeels vu Benevolle gemaach ginn.
De Staat hätt en Interêt dru fir d'Aarbecht vu Radio ARA ze ënnerstëtzen. Ënner anerem erfëllt de Radio Funktiounen am Beräich vun der Medienerzéiung a bitt d'Méiglechkeet fir och selwer "Medien ze maachen". De Medium géif sech spezifesch un déi Deeler vun der Populatioun adresséieren, déi soss keen Accès zu Medien hätten.
"E gutt Beispill ass, wéi mir wärend der Covid-Kris reagéiert hunn: Mir hu News-Sendungen opgebaut fir verschidde Communities. Op arabesch, op tigrini, op farsi, op spuenesch. Zum Schluss ware mir op zéng verschidde Sproochen (...) Déi Communautéite si vun der offizieller Kommunikatioun zum groussen Deel net erreecht ginn. A wann een esou Leit, déi déi üblech Sproochen hei am Land schlecht verstinn, grad an enger Kris wëllt erreechen, da brauch een aner Instrumenter."