Et ginn am Moment Diskussiounen doriwwer - e puer dovu glécklecherweis och ëffentlech - wéi en ëffentlech-rechtleche Radio hei zu Lëtzebuerg funktionéiere sollt. Wat kann e Radio als Service public eigentlech duerstellen?
Esou formuléiert erschéngt d'Fro am Verhältnes zur Virstellung vum Service public an domat indirekt am Verhältnes zum Verständnis vun der Funktioun vum Staat an enger Demokratie.
Et si politesch Begrëffer
Et handelt sech bei esou Begrëffer wéi Service public, Demokratie a Staat, an éischter Instanz ëm politesch Begrëffer. Dat heescht, hei geet et, an éischter Instanz, net einfach ëm richteg a falsch, oder ëm etabléiert soziologesch oder juristesch Fakten.
Wat e Service public ass, oder ze sinn huet, dat soll an enger Demokratie, aus enger fräier an ëffentlecher Deliberatioun ervirgoen, wou verschidde géigesätzlech an esou guer polariséiert Virstellungen openeentreffen.
En ekonomesche Service public ...
Fir et kuerz ze faasse kéint een zwee verschidde Begrëffer vum Service public ënnerscheeden: en ekonomeschen an e politeschen.
Aus der ekonomescher Siicht vum Service public sollen d'Bierger trotz den dacks massiven Ongläichheete fäeg sinn, iwwer e funktionelle Minimum vu Bildung, Gesondheet oder Infrastruktur ze verfügen. Si sollen och zu engem reglementéierte Präis, Accès op verschidde Servicer hu wéi Stroum, Waasser, Transport, asw.
Dëse funktionelle Minimum gëtt bestëmmt vun deem, wat et brauch, eng national Wirtschaft an hirem Wuesstum um Lafen ze halen.
... an e politesche Service public
Aus enger politescher Siicht, par konter, sollen d'Bierger vun enger Demokratie net nëmme Grondfräiheeten a Grondrechter, an och net nëmmen Accès op e funktionelle Minimum hunn. Si sollen och nach Zougang zu deenen intellektuellen, informationellen a kulturelle Mëttelen an Inhalter hunn, déi et hinnen erlabe mat informéiertem kriteschen Denken um demokrateschen Aushandele vum allgemenge Wëllen an un der Resolutioun vun den demokratesche Konflikter deel ze huelen.
Mat deenen zwee Begrëffer vum Service public treffen zwou Konzeptioune vun der Demokratie openeen: eng, déi sech op de Prinzip vum Maart a senger fräier wirtschaftlecher Konkurrenz baséiert, an eng, déi vu politesche Virstellungen iwwer e fräit gesellschaftlecht Zesummeliewen ausgeet.
De Service public zu Lëtzebuerg
D'Repercussioune vun dësem Ënnerscheed gesäit ee gutt an eiser Diskussioun iwwer den ëffentlech-rechtleche Radio: Konkurrenzdenken a Marketing-Methoden op der enger Säit, ëffentlechen Déngscht mat Informatiouns-, Bildungs- a Kulturmissioun op där anerer.
Selbstverständlech gëtt dës politesch Missioun ëmmer erëm liicht als Mëttel fir d'Maartlogik instrumentaliséiert. Stéchwuert Kulturindustrie. Wat dat éischt heescht, Konkurrenz a Wuesstum, schéngt jiddwereen hei direkt ze verstoen. Et ass déi eenzeg Alternativ vun der neoliberaler Ideologie.
Wat Informatioun, Bildung a Kultur heesche kënnen, iwwer Aschaltquoten eraus, schéngt an dëser Diskussioun iwwer Pretext-Formelen eraus, weder iwwerzeegend, nach gewollt.
An den Nopeschlänner huet sech de Radio, als Service public am politesche Sënn, op véier Genrë spezialiséiert: nieft der Informatioun op den Documentaire (méi oder wéineger komplex, direkt Developpementer iwwer spezifesch Theemen), d'Kreatioun (originell an hybrid Formater, personaliséiert Entretienen, Diskussiounen) an d'Fiktioun (Hörspiller, literaresch Feuilletonen).
Esou kann en ëffentlech-rechtleche Radio ausgesinn, deen ouni Konsum- an Unterhaltungsideologie, an ouni wirtschaftlech Konkurrenzlogik, eng demokratesch Missioun erfëllt.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.