Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Seed To Tree - Unconcerned

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ radio 100,7: Finanzéierungsgesetz gestëmmt

Service Public

radio 100,7: Finanzéierungsgesetz gestëmmt

An der Chamber gouf de Moien dat neit Finanzéierungsgesetz fir de radio 100,7 eestëmmeg ugeholl. Iwwer siwe Joer, vum 1. Januar 2024 un, huet den ëffentlech-rechtlechen "Média de Service public 100,7" domat e Budget vun am Ganzen 79 Milliounen Euro.

auto_stories

1 min

Wärend der Debatt de Moien am Parlament hat den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser déi politesch Neutralitéit vum Radio 100,7 a Fro gestallt. Verschidde Parteie géife méi dacks an d'Emissioun Invité vum Dag ageluede ginn, wéi anerer.

Ënnert anerem de Premier Xavier Bettel huet deem entgéint gehalen, datt dat och mat der Aktualitéit ze dinn hätt. An en onofhängege Sender kéint fräi entscheeden, wien en invitéiert. Iwwerdeems géif d'ALIA iwwerpréiwen, datt et wärend dem Walkampf eng equitabel Representatioun vun de Parteie gëtt. Weider sot hien datt et beim radio 100,7 an Zukunft ee Bierger-Comité gëtt, un deen ee sech kann adresséieren, wann een eppes iwwert de Programm ze kritiséieren oder ze soen huet.