Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Quo vadis Lëtzebuerger Landwirtschaft?

Buchstellentag

Quo vadis Lëtzebuerger Landwirtschaft?

Dëse Méindeg goufen op dem 18. Buchstellentag zu Mäerzeg déi offiziell Resultater vun der Landwirtschaft zu Lëtzebuerg fir d'Joer 2017 virgestallt. Aus dem Rapport vum Landwirtschaftsministère geet ervir, datt sech d'Situatioun vun de Baueren a Wënzer am Land par Rapport zu de Jore virdru verbessert huet. Fir och an Zukunft positiv Zuelen ze generéieren, muss de Secteur eng gewësse Wäitsiicht matbréngen.

auto_stories

2 min

Der Landwirtschaft zu Lëtzebuerg geet et momentan gutt. Dat geet aus dem Rapport vum Landwirtschaftsministère fir d'Joer 2017 ervir. Éischt Prognose weisen drop hin, datt dës Zuelen 2018 stabil bleiwen. Och wann d'Joer 2017 zanter laangem eent vun deene beschten an Lëtzebuerger Landwirtschaft war, dierft een déi lescht Joren net vergiessen, seet de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen.

"Ech ka mech nach un déi zwee lescht Joren erënneren. Do hu mir op schwiereg Zäiten 2015 an 2016 am Mëllech-Secteur, awer och am Schwéngs-Secteur zeréckgekuckt. D'Quote waren 2015 ewech gefall. D'Baueren hate mat der Dréchent ze kämpfen an de Mëllechpräis huet 2016 en historeschen Déifpunkt arescht."

De Marché huet sech entretemps erholl, Grond also fir Optimismus? De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen bleift virsiichteg. D'Vergaangenheet hätt gewisen, datt ze vill Optimismus op de landwirtschaftleche Mäert ëmmer mat Virsiicht ze genéisse wier. "Déi Kris, déi mir 2015 an 2016 erlieft hunn, wäert net déi lescht bleiwen", sou de Fernand Etgen.

Rentabilitéitsproblemer

D'Landwirtschaft befënnt sech an engem Strukturwandel. D'Zuel un de Betriber ass erofgaangen, gläichzäiteg sinn d'Fläche vun de Betriber an d'Luucht gaangen. D'Landwirtschaft ass e kapital-intensive Secteur, seet de Marc Fiedler vum Landwirtschaftsministère. "Mir hunn eng Steigerung vun 290 Prozent an den Ofschreiwungen an deene leschten 20 Joer erlieft." Et wier zum Deel sou vill investéiert ginn, datt sech verschidden Anlagen net rentabiliséiert hätten. "Mir mierken um Niveau vun der Berodung, datt et quasi just déi Betriber sinn, déi a klenge Schrëtt wuessen, deenen et och geléngt, fir richteg Succès ze hunn, fir hir Anlagen ze rentabiliséieren", sou de Marc Fiedler.

Wéi sech déi concernéiert Baueren de Wuesstem an Zukunft virstellen a wéi eng Strategië si virgesinn, gouf mat Hëllef vun enger Enquête festgestallt. Bal all d'Bauere wéilten hir Produktioun ausdeenen, intensivéieren a sech spezialiséieren. D'Stéchwierder Diversifizéierung an Ëmorientéierung wieren net dacks genannt ginn.

Wäitsiichteg Investitiounen an effikasse Risikomanagement

Fir adequat op zukünfteg Krisen ze reagéieren, fuerdert de Landwirtschaftsminister eng gewësse Wäitsiicht vun de Baueren. Et wier néideg, datt de Secteur eng Käschtestruktur hätt, déi et ëm erlaabt, fir kompetitiv an handlungsfäeg ze bleiwen; souwuel wann d'Präisser héich sinn, wéi och wa se falen. Fir dat Zil ze erreeche wier en effikasse Risikomanagement a wäitsiichteg Investitiounen néideg, sou de Landwirtschaftsminister.

Dozou gehéiert och, datt dee Bauer a gudden Zäite Récklage bilt, fir a méi schlechten Zäiten iwwer d'Ronnen ze kommen, esou de Fernand Etgen.