Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Emmanuel Macron, e Gewënner ouni Partei

Franséisch Presidentiellen

Emmanuel Macron, e Gewënner ouni Partei

Eng historesch Defaite fir de Front national, an eng reell Ënnerstëtzung vum Vollek fir de Emmanuel Macron, esou analyséiert de Quentin Dickinson den zweeten Tour vun de Presidentiellen a Frankräich. De Journalist an Direkter vum Bréisseler Büro vu Radio France geet dervun aus, datt d'Bewegung "En Marche" vum Macron eng absolut Majoritéit bei de Parlamentswalen am Juni ka kréien.

auto_stories

3 min

E groussen Deel vun de Fransouse géing den Emmanuel Macron ënnerstëtzen, huet de Quentin Dickinson am Interview mam Mick Entringer gemengt. Och wa just 43% vun den ageschriwwene Wieler fir hie gestëmmt hunn. Bei dëser Wahl ginn et - dem franséische Journalist no - zwee Gewënner: den Emmanuel Macron mat 66% vun de Stëmmen an d'Abstentioniste mat 25%. Déi rietsextrem Marine Le Pen kéim just op déi drëtt Platz.

"D'Marine Le Pen läit wäit ënnert de 40%, déi de Front national fir den zweeten Tour vun de Presidentiellen ugestrieft hat. Et ass eng historesch Defaite fir de FN." Paradoxerweis hätt hir Partei awer mat 11 Millioune Stëmmen déi meeschte Stëmmen an hirer Geschicht kritt, ënnersträicht de Quentin Dickinson.

Zréck bei eng haart riets Linn

De franséische Journalist rechent mat enger Ofrechnung bannent dem Front national. D'Linn vum Vizepresident vum FN géing a Fro gestallt ginn. De Florian Philippot hätt d'Partei opgemaach fir traditionell konservativ Wieler, déi sozial Schwaach an d'Antimondialisten. "Pour faire du social en quelque sorte ".

De Quentin Dickinson vergläicht déi Ouverture mat der Strategie vun de Nationalsozialisten an den 30er Joren an Däitschland. Dem Journalist no wäert den FN erëm méi no riets réckelen, op d'Linn vun den Traditionaliste vum FN, vum Jean-Marie Le Pen a senger Enkelin Marion Maréchal Le Pen. Et wäert an Zukunft erëm eng méi identitär Linn beim FN gefuer ginn, "dans la tradition historique de la droite dure", esou de Quentin Dickinson.

Wéi eng Majoritéit fir den Emmanuel Macron?

"Dat franséischt Vollek zeechent sech doduerch aus, datt et sech ëmmer op d'Säit vum Gewënner stellt." Déi franséisch Verfassung vun der 5. Republik géing dat ënnerstëtzen andeems et aus dem gewielte President e Genre "Monarque de droit divin" géing maachen. Et wär verreckt wéi vill Frënn een hätt, wann ee President gewielt ginn ass, sou de Quentin Dickinson.

Den neie President huet keng Partei. Fir seng liberal Zentrumsbewegung unzeféiere wäert an den nächsten Deeg e Premierminister designéiert ginn. Dem annoncéierte Profil no misst dat eng Fra ginn, déi jonk ass, mat parlamentarescher Erfahrung a mat europäescher Ausriichtung, erkläert de Journalist vu Radio France. Senger Meenung no géing sech keng esou Persoun eraus schielen. Esou datt de François Bayrou vum MoDem eventuell neie Regierungschef kéint ginn.

"UMPS, e Schied vu sech selwer"

"En Marche" wär eng grouss Bewegung vu Leit, déi sech bis elo net an der Politik engagéiert hätt, seet de franséische Journalist vu Radio France. Fir Kandidat vun der Bewegung ze gi fir d'Parlamentswalen an engem Mount, kann een sech online mellen. Eng Kommissioun entscheet, ob d'Kandidatur zréckbehale gëtt. "En Marche" vum Emmanuel Macron géing mat zwee Drëttel neie Kandidaten a mat engem Drëttel erfuerene Politiker untrieden. Et wär net auszeschléissen, datt d'Bewegung eng absolut Majoritéit bei de Legislativwahle géing kréien.

"Déi zwou traditionell grouss Parteien, LR (les Républicains) an d'Sozialiste si gespléckt a just nach e Schied vu sech selwer." Et géing eng historesch a symmetresch Schwächung gi vu béide Parteien. Trotz dem Opruff vum François Baroin, deen d'Republikaner fir d'Parlamentswalen uféiert, wär den LR keng grouss Vollekspartei méi.


De Quentin Dickinson ass Journalist an Direkter vum Bréisseler Büro vu Radio France. 2014 hat hie bei den Europawale fir d'Zentrumsallianz UDI-MoDem kandidéiert.