Europawahlen 2019 Ungarn: Am Land vum "Diktator"
Den ungaresche Premier Viktor Orban konnt seng Muecht an de leschte Jore weider ausbauen. Vill Géigewand kréien hien a seng Fidesz-Partei net. Dat heescht awer net, dat jiddwereen mat him averstanen ass. An eiser Serie "Queesch duerch Europa" geet et ëm d'Zukunft vum Land.

Zanter bal zéng Joer ass a Ungarn de Viktor Premier Orban a seng Fidesz-Partei um Rudder. Dee Mann, deen de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker am Geck "Diktator" genannt huet, regéiert mat enger confortabeler Zwee-Drëttel-Majoritéit.
Kritiker schwätze vun engem "Orbanistan". Ass dat iwwerdriwwen? Wat bedeit et ënner dem Fidesz-Regime ze liewen? Firwat kritt d'Oppositioun kee Fouss op de Buedem?
D'Danièle Weber war fir ee Multi-Media-Reportage an Ungarn ënnerwee.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.