Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Queesch duerch Europa

Europawahlen 2019

Queesch duerch Europa

An der Serie "Queesch duerch Europa" huele 5 Journalisten Iech mat a Portugal, Irland, d'Belsch, Rumänien an an Ungarn. Iwwer Audio-Temoignagen a Fotoe gi si e méi déiwen Abléck an dës EU-Länner.

auto_stories

3 min

Portugal: Wirtschaftswonner op wackelege Been

Portugal gëllt als neit europäescht Wirtschaftswonner. Mat enger Croissance iwwer der EU-Moyenne, engem Chômagetaux, dee staark fält, an engem Boom am Tourismus.

Dat südeuropäescht Land schéngt sech vun den Nowéie vun der europäescher Finanzkris ze erhuelen. Mee d'Realitéit um Terrain ass méi nuancéiert.

Dat weist eise Reportage vum Maxi Pesch vu Lissabon, am Virfeld vun den Europawahle vum 26. Mee.


Irland: Den Impakt vum Brexit op déi gréng Insel

Wa Groussbritannien aus der EU Austrëtt, steet Irland viru groussen Erausfuerderungen. Well de Brexit kéint déifgräifend Konsequenzen hu fir d'Ekonomie an och de Fridden op där ëmmer nach gedeelter Insel. Wann nees eng haart Grenz tëschent dem Norden a Süde géif kommen, riskéiert d'Gewalt vun den "Troubles" nei opzeflamen. An eiser Serie "Queesch duerch Europa" ass de Pierre Reyland an déi zwee Deeler vun der Insel Irland gereest - d'Republik am Süden an dat britescht Nordirland.

De Pierre Reyland war fir e Multimedia-Reportage an Irland


D'Belsch: sou no an dach esou friem

An eiser Reportage-Serie "Queesch duerch Europa" geet et haut queesch iwwer d'Grenz: an d'Belsch. De 26. Mee bestëmmen eis Noperen net just, grad wéi all déi aner Europäer, hir Vertrieder fir an dat nächst Europaparlament.

Si sinn och opgeruff, hir regional Parlamenter frësch zesummenzesetzen. A si wielen 150 national Deputéierter, eng nei Chamber also. Wat sinn d'Enjeue vun deene Wahlen? A wat sinn déi méiglech Optiounen fir d'Regierungsbildung duerno?

De Maurice Molitor huet probéiert, sech Duerchbléck ze verschafen.


Rumänien: Wa mat de Féiss gewielt gëtt

Ronn 3 Milliounen Rumänen hunn hiert land verlooss, zenter et an der EU ass. D'Auswierkungen dovun sinn a Rumänien, mee och zu Lëtzebuerg ze spieren. E Multimedia-Reportage aus der Serie "Queesch duerch Europa".

Et gëllt als eng vun de groussen Errongeschafte vun der EU, datt d'Bierger sech fräi an der Unioun kenne beweegen. Mee entwéckelt des Beweegungsfräiheet sech fir Rumänien zu enger Bedrohung?

De Rick Mertens war fir e Multimedia-Reportage a Rumänien.

Am Land vum "Diktator"

An eiser Serie "Queesch duerch Europa" geet et dës Kéier ëm Ungarn. Zanter bal zéng Joer ass do de Viktor Orban mat senger seng Fidesz-Partei um Rudder. Vun esou enger confortabeler Zwee-Drëttel-Majoritéit kënne Parteien an anere Länner just dreemen.

De Viktor Orban, dee Mann, deen de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker am Geck "Diktator" genannt huet, konnt seng Muecht an de leschte Joer gewalteg ausbauen. D'Land gëtt dowéinst och alt emol als Orbanistan bezeechent. Ass dat iwwerdriwwen? Wat bedeit et ënner dem Fidesz-Regime ze liewen? Firwat kritt d'Oppositioun kee Fouss op de Buedem?

D'Danièle Weber war e puer Deeg an Ungarn ënnerwee.