Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Crinan Wood - In Your Room

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Kommissioun muss gesponsert Reesen opklären

EU-KATAR-ACCORD

EU-Kommissioun muss gesponsert Reesen opklären

Dierf een EU-Beamten, dee vun engem Land invitéiert gëtt, sech déi Rees bezuele loossen oder muss d'Europäesch Unioun fir déi Fraise selwer opkommen? Déi Fro gëtt den Ament zu Bréissel diskutéiert. Si ass besonnesch brisant, wann d'Land, wat fir d'Reeskäschten opkomm ass, Qatar heescht.

auto_stories

2 min

Den Direkter vun der Transport-Sektioun an der Europäescher Kommissioun war e puer Mol a de Golfstaat gereest. De Katar koum souwuel fir d'Käschte vum Fliger ewéi och fir déi vum Hôtel op. Dat wërft Froen op, virun allem, well zur nämmlechter Zäit d'EU een Loft-Ofkommes mat dem Qatar ausgehandelt huet.

D'Ombudsmann vun der EU, d'Emily O-Reilly stellt der Kommissioun elo ënner anerem d'Fro, wéi eng Prozedur et intern an der Kommissioun gëtt, fir esou Reesen ze autoriséieren.

EU-Beamten tranchéiert selwer

Et wier alles konform gewiescht, mat de Reegelen, déi aktuell a Kraaft sinn, sot déi lescht Woch ee Spriecher vun der EU-Kommissioun, de Balazs Ujvari, deen e Méindeg op Nofroe vu Journaliste een interessanten Detail iwwert déi intern Analyse verroden huet.

"Am Fall vun engem Directeur général ass deen et, deen decidéiere kann, ob hei een Konflikt virläit oder net. An anere Wieder, hien ass et selwer, deen dës Analyse mécht. Dat ass d'Prozedur."

Déi Prozedur ass am gaangen iwwerschafft ze ginn, präziséiert d'Kommissiounsspriecherin, Dana Spinant. An Zukunft solle Reese just nach vu baussen dierfe bezuelt ginn, wann et sech ëm d'Vereente Natiounen, oder d'Organisatioun vun den Industrielänner, G7 oder G20 handelt. Am Ganze géifen just 1,5 Prozent vun de Reesen vun EU-Funktionäre vu bausse bezuelt.

Bausch: EU-Katar-Accord ass prinzipiell sënnvoll

Den Loft-Accord mat Qatar ass 2021 provisoresch a Kraaft getrueden, bis elo hu just ee Grapp voll EU-Länner en ratifizéiert.

Lëtzebuerg huet bis elo ee bilateralen Accord mam Qatar, deen virun allem de Frachtberäich betrëfft. Ee breeden EU-wäiten Accord géif duerchaus Sënn maachen, sot eis gëscht den Transportminister Francois Bausch,

"Et muss ee wëssen, datt onofhängeg vun alle Schwieregkeeten, déi am Zesummenhank vun deem Skandal am Europaparlament an deene Bestiechungen vum Katar bestinn, deen doten Accord ausgehandelt ginn ass, fir de Sozialdumping ze ënnerbannen tëscht Qatar an de Fluchgesellschaften vun der Europäescher Unioun."

D'Europaparlament muss nach gréng Luucht ginn. Wéinst dem aktuelle Bestiechungs-Skandal gouf déi Decisioun allerdéngs op Äis geluecht. Dat ass richteg, sou de grénge Minister.

"Ech fannen et wichteg, datt elo en vue vun deem, wat opgedeckt ginn ass, datt gekuckt gëtt, wéi probéiert ginn ass, Afloss ze huelen."

D'Europäesch Kommissioun huet bis den 3. Juni Zäit, op d'Froen vun der Ombudsmann anzegoen.