Radioen

On air

De Moien  |  Velvet Trip - Silly Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ AFPL: "Psychos no engem eenzege Cannabiskonsum"

Psychesch Gesondheet

AFPL: "Psychos no engem eenzege Cannabiskonsum"

6000 Persounen hunn zu Lëtzebuerg eng Psychos. Dat ass ee Prozent vun der gesamter Populatioun. Déi Persoune musse verstäerkt kënnen ënnerstëtzt ginn, fir hinnen et sou wäit ewéi méiglech ze erlaben, autonom kennen ze liewen. Dat seet d'Associatioun AFPL, déi sech fir d'Famillen asetzt déi eng Persoun an hirem Ëmfeld hunn déi eng Psychos huet.

auto_stories

2 min

Fir autonom kënnen ze liewen, brauche Persounen déi eng Psychos hunn dacks een Encadrement. Et bräicht ee méi Plazen an de Kliniken, fir de Patient ze stabiliséieren. Wéinst dem Manktem u Better, géifen d'Patienten ze séier erëm entlooss ginn, esou d'AFPL. Donieft missten déi mobil psychiatresch Equippe personell opgestockt ginn, seet de President vun der Association des familles ayant un proche atteint de Psychose, den Eric Krebs.

"Déi mobil Equippe vum SPAD (Soins psychiatriques à domicile), si belaascht, well se vill Famillen ze besichen hunn. Mir sinn der Meenung, datt et u Personal feelt an dat net nëmmen an de Spideeler mee och an den Servicer déi baussent de Kliniken aktiv sinn."

Berufflech Perspektive si wichteg

Ee weidere Problem bleift de Manktem un encadréierte Wunnengen, an deenen déi Betraffe liewe kënnen. Et wier dogéint keng Léisung deene Persounen einfach ee Revenu pour personnes gravement handicapées ze accordéieren. Et misst méiglech sinn hinnen eng berufflech Perspektiv ze ginn, d'Mady Juchem, Vizepresidentin vun der AFPL.

Eng Persoun déi un enger Psychos erkrankt ass, ass Stress ufälleg. Si bräicht direkt een Encadrement fir eng Beschäftegung. Dacks sinn déi Leit awer eleng doheem, wat d'Situatioun verschlëmmert. Et gi laang Waardelëschten. "Mir hate selwer de Fall, datt mäi Bouf zwee Joer laang op enger Waardelëscht war, fir an een Atelier thérapeutique et protégé ze kommen. Dat ass einfach eng schrecklech laang Zäit."

Relatioun tëscht Psychos a Cannabiskonsum

D'Associatioun plädéiert och fir präventiv ze schaffen. Dat gëlt ënnert anerem fir d'Informatioun iwwer d'Konsequenzen déi Cannabiskonsum fir rekreativ Zwecker kann hunn, seet d'Mady Juchem. Et wier gewosst datt een no engem eenzege Cannabiskonsum eng Psychos, mat irreversibele Konsequenze kéint entwéckelen. D'Associatioun betount awer, datt de Cannabis dee fir medezinesch Zwecker agesat gëtt, duerchaus sënnvoll ka sinn. Positiv wier datt d'Ligue d'Hygiène mentale Coursen iwwer Psychosen an den Ëmgang mat Psychose fir Professioneller a fir Famillen ubitt.

Méi Opklärung néideg

D'Associatioun fuerdert och méi Opklärung an de Schoulen. Domat kéint ee fréi eng Diagnos stellen a behandelen, éier et ze spéit ass.

Dacks wieren déi Kanner intelligent an hätte gutt Punkten. "Och de SPOS erkennt dacks net, datt do vläicht eppes Seriöses kann hannendru sinn, datt d'Kanner net nëmmen hyperaktiv oder verhalenopfälleg sinn." Och fir d'Léierpersonal wier et net einfach, well d'Thematik net bekannt aus, ausser et ass ee selwer dovu betraff, seet d'Mady Juchem.