Radioen

On air

Notturno  |  Everything Everything - Choice Mountain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Psychotherapie: Wéi vill musse Patient:innen deemnächst selwer bezuelen?

Remboursement

Psychotherapie: Wéi vill musse Patient:innen deemnächst selwer bezuelen?

D'Gesondheetskeess wäert deemnächst en Deel vun de Käschte fir Psychotherapien iwwerhuelen. Et ass nach net kloer, vu wéi engem Datum un d'Gesondheetskeess Psychotherapië wäert rembourséieren.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / Kmpzzz

De Christian Oberlé seet, als Direkter vun der CNS hätt hie keen Afloss drop, vu wéini u Patient:innen hir Psychotherapië rembourséiert kënne kréien.

Dat géif just nach dovun ofhänken, wéi séier den entspriechende Reglementstext déi néideg Prozeduren duerchleeft, esou de d'Christian Oberlé.

D'CNS wéilt op alle Fall prett sinn, fir eventuell scho vum éischte Februar u Psychotherapien ze rembourséieren. Et kéint allerdéngs gutt sinn, datt déi nei Reegelen eréischt den éischte Mäerz, oder den éischten Abrëll a Kraaft trieden.

Geneeë Montant ass nach net gewosst

Kloer ass, d'Gesondheetskeess wäert deemnächst en Deel vun de Käschte fir esou Therapien iwwerhuelen. Eng definitiv Äntwert op d'Fro, wéi vill Patient:innen an Zukunft fir eng Psychotherapie bezuele mussen, gëtt et net.

De Sozialminister Claude Haagen hat fir eng Sëtzung Psychotherapie vu 50 bis 60 Minutten 144 Euro festgehalen. Ee groussen Deel vun dovunner soll d'Gesondheetskeess dann och rembourséiere, mee net alles, seet de Christian Oberlé:

"An enger Psychotherapie ass et wichteg, datt e Patient och pro Seance eppes mat contribuéiert, well e sech selwer soll abréngen, a sech och verantwortungsvoll an déi Saach soll abréngen."

De geneeë Montant ass nach net festgesat: am Verwaltungsrot vun der Gesondheetskeess wier dat lescht Wuert nach net geschwat, seet de Christian Oberlé.

Orientéierung un aneren Tariffer

Et kann een awer dovun ausgoen, datt d'Gesondheetskeess sech un deene Remboursementstauxe wäert orientéieren, déi am Moment scho fir aner Behandlunge gëllen: Bei Doktesch-Rendezvouse fir Erwuessener iwwerhëlt d'CNS an der Reegel 88 Prozent vun deem, wat Patient:inne musse bezuelen. Bei Kinéë sinn et dogéint 70 Prozent.

Wann deen Taux och op Psychotherapië géif applizéiert ginn, missten erwuesse Patient:innen deemno e bësse méi ewéi 43 Euro pro Seance selwer bezuelen. Wann d'Reegele fir de Remboursement bis publizéiert ginn ass kloer, wéi vill Suen d'CNS rembourséiere wäert.

Kloer ass allerdéngs, datt fir Kanner aner Reegele wäerte gëllen, ënnersträicht de Christian Oberlé:

"Mir hunn eng aner Politik fir Erwuessener, ewéi fir Kanner."

Bei Leeschtunge fir Kanner iwwerhëlt d'CNS an der Reegel nämlech alleguerten d'Käschten.

Zousätzlech Käschte kënnen net verrechent ginn

Den Direkter vun der CNS gëtt am 100,7-Interview gëtt nach eng weider Prezisioun: d'Psychotherapeuten hu keng Méiglechkeet fir zousätzlech Käschten ze verrechnen, déi iwwer déi 144 Euro fir eng Sessioun eraus ginn.

Och wa Patient:innen ee Rendezvous zu enger bestëmmter Zäit freet, dierf de Psychotherapeut dofir also keng sougenannt "Convenance personelle" verrechnen, esou de Christian Oberlé.

Dat géif awer net verhënneren, datt verschidde konventionéiert Psychotherapeuten och nach aner Behandlungsformen ubidden, déi net vun der CNS rembourséiert ginn:

"Wa se verschidden Aktivitéiten hätten, déi elo net vun eiser Assurance assuréiert sinn. Do hu si fräi Hand, mat wéi engen Tariffer si wëlle schaffen."