Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lëtzebuerger Literatur am Ausland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neistaffelung vun Amenden: "Psychologesch dat falscht Signal"

Strosseverkéier

Neistaffelung vun Amenden: "Psychologesch dat falscht Signal"

D'Sécurité routière ass enttäuscht iwwer de Koalitiounsaccord, well näischt Konkretes iwwer d'Sécherheet op der Strooss géif dra stoen. Déi geplangte Staffelung vun de Geldstrofe wier iwwerdeems dee falsche Message no baussen, seet de Paul Hammelmann.

auto_stories

2 min

Foto: DPA / Paul Zinken

Am Koalitiounsaccord steet zwar dran, datt d'Campagne Vision Zéro soll weidergefouert ginn. Wéi genee, steet awer net dran, esou de Paul Hammelmann. De Projet vun enger Staffelung vun de Geldstrofen, jee no Vitess wier och net dee richtege Message no baussen, esou de Paul Hammelmann, President vun der Sécurité Routière.

Sécurité Routière: "Net enchantéiert"

"Mir sinn net enchantéiert doriwwer, well dat eigentlech akzeptéiert war. De Minister huet selwer ëmmer gesot, datt wann enzwousch 90 Kilometer an der Stonn erlaabt sinn, dann ass et net 91 oder 92, mee 90. Et ass keng Katastroph, datt mir dat elo staffelen, psychologesch ass et allerdéngs dat falscht Signal."

Mat der Staffelung vun deene Geldstrofen ass och virgesinn, datt bei héije Vitessen d'Geldstrof nach méi héich kéint sinn, wéi bis elo. Dat wier par konter positiv, seet de Paul Hammelmann. D'Strof misst een dissuasive Charakter behalen an dofir sollt se och net ze bëlleg sinn, sou de Paul Hammelmann.

De Plang fir an Zukunft och Strecke-Radaren anzesetzen, begréisst de Paul Hammelmann. "Mir hunn ëmmer gesot, mir missten och Radare bei de Luuchte kréien a virun allem Strecke-Radaren. Domat kann evitéiert ginn, datt d'Leit just kuerz virun an no dem Radar méi lues fueren." Mat Strecke-Radare kéint een deem Phenomen entgéint wierken.

Transportminister: "Eng méi logesch Staffelung aféieren"

Op Nofro hin, deelt den Transportminister mat, datt hien d'Aschätzung vun der Securité Routière net deelt. Bei de Geldstrofe géif et drëms goen eng "méi logesch duerchgoend Staffelung anzeféieren", esou de François Bausch. D'Iddi wier deene Leit, déi just e puer Kilometer an der Stonn ze séier sinn, een "klenge Rappell ze maachen", dofir sollen awer déi Leit, déi vill ze séier ënnerwee sinn, méi haart bestrooft ginn. De François Bausch weist och drop hin, datt de Koalitiounsaccord virgesäit, de Plan d'action sécurité routière ze adaptéieren. Dozou géif awer net all Detail am Accord stoen.


De Panorama-Bäitrag vum Carole Schimmer:

Lauschterenplay_arrow