Hannergrond ass ee Message op Twitter, deen de Michel Legrand am Kader vun den israelesche Bombardementer op d'Librairie al-Mansour an der palestinensescher Gazasträif geschriwwen hat. A sengem Tweet hat hien en Artikel vu Europalestine.com gedeelt mam Titel "100.000 livres sous les ruines: à Gaza, Netanyahou dans les pas de Goebbels", deen déi israeelesch Bombardementer mam systematesche Verbrenne vun de jüddesche Bicher 1933 verglach hat. Hien wier immens erliichtert sot de Michel Legrand. D'Urteel wier wichteg fir d'Meenungsfräiheet ze stäerken.
"Wa mir wëssen, datt alles wat mir soen op d'Geriicht ka geholl ginn, dann auto-censuréire mir eis. An dat wëlle mir net."
De Michel Legrand hofft, datt d'Urteel e Präzedenzfall schaaft.
Eleng dëst Joer wieren zwee Leit vum Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient wéinst änleche Reprochë vun der Police interpelléiert ginn. D'Lescht Joer wieren et der dräi gewiescht. Dem Michel Legrand no géife verschidde Leit d'Plattform fir Internetsécherheet Beesecure ausnotze fir Aussoe vun der Associatioun ze mellen.
Mëssbrauch vun der Plattform Bee Secure?
"Mir interpelléiere Beesecure. Net datt Si ophale mat hirer Aarbecht, mee fir ze wësse wat hir Krittäre si fir en Depot ze acceptéieren."
Wann et misst sinn, da géif d'Associatioun bis bei de Parquet oder bei de Minister goen. Dem Michel Legrand no géif e Risk bestoen datt d'Plattform fir Internetsécherheet ausgenotzt gëtt.
Den Tresorier vum CPJPO seet weider, datt seng Memberen zënter Joer vum RIAL, engem privaten onofhängegen Aarbechtsgrupp, deen eegenen Aussoen no, no Antisemitismus hei am Land sicht, virgeheit kréien, wa se eng legitim Kritik un der israeelescher Regierung formuléieren. De RIAL géif dozou bäidroen, datt d'Definitioun vum Antisemitismus denaturéiert gëtt an och dozou opruffen, d'Plattform Beesecure ze notze fir Plainten ze deposéieren.