Radioen

On air

Trendscheif  |  Zsela - Lily Of The Nile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prozess ëm den Doud vum George Floyd an zweeter Woch

USA

Prozess ëm den Doud vum George Floyd an zweeter Woch

Zu Minneapolis geet de Prozess ëm den Doud vum George Floyd weider. Scho siwen Deeg laang probéieren d'Procureure vum Staat Minnesota de Jury ze iwwerzeegen, datt den Derek Chauvin fir de Mord um George Floyd schëlleg gesprach soll ginn. Am Mee zejoert hat de wäisse Polizist dem Afroamerikaner George Floyd bei senger Verhaftung néng Minutte laang de Knéi an d'Genéck gedréckt.

auto_stories

3 min

Vun Dag zu Dag gëtt de Prozess méi langweileg, op d'mannst wann een héiert, wéi déi véierzéng Membere vum Jury op d'Temoignage reagéieren. Een ass esouguer ageschlof um siwenten Dag. Gëschter koume Polizisten an Experten a Saache Policetaktiken zu Wuert. All goufe si vun de Procureuren opgeruff.

Si temoignéieren, datt den Derek Chauvin, wou hien dem George Floyd op der Strooss de Knéi an d'Genéck gedréckt hat, alles falsch gemaach huet. Dat war keng Taktik, déi d'Police vu Minneapolis virschléit, och hätt et vill méi frei zu éischter Hëllef solle kommen, direkt nodeem s den George Floyd sech net méi beweegt huet. Ob et Mord war, datt muss de Jury entscheeden. An hir Decisioun muss eestëmmeg sinn, soss kennt den Ex-Polizist net an de Prisong.

Et ass déi éischt Woch am Geriicht, un déi d'Membere vum Jury sech wuel hiert Liewe laang erënnere wäerten. All eenzelen Aenzeien ass opgeruff ginn, esouguer e Meedchen, dat zu där Zäit just 17 Joer hat, d'Darnella Frazier.

Aenzeie soen aus

Den Derek Chauvin ass no der Dot séier entlooss gouf, mee ass op fräiem Fouss, well seng Kautioun bezuelt gouf. Hien ass all Dag am Geriichtssall, mat Costume a Krawatt, a mat der Mask. Do ass et schwéier seng Emotiounen ze interpretéieren. Och hien huet ëmmer nees Videoe misse mat ukucken, déi seng brutal Aktioun an den Doud vum George Floyd weisen.

Och temoignéiert huet eng jonk Fra, déi soss bei de Pompjee schafft, mee deen Owend fräi hat an dem George Floyd iergendwéi hëllefe wollt. Mee d'Polizisten hu si net un de Floyd gelooss, deen onbewosst ënner dem Gewiicht vun allen dräi louch.

Dem Derek Chauvin säin Affekot freet si, ob aner Leit, déi des Zeen gesinn hunn, rose waren. D'Reaktioun vun der Genevieve Hansen war déi hei:

"Ech weess net, ob dir selwer schonn nogekuckt hutt, wéi e Mann ëmbruecht gouf, mee et ass haart, net rosen ze ginn."

Déi Ausso huet dem Riichter guer net gefall. Si soll hir Meenung net ginn a just op d'Froen äntweren, sot hie streng.

Vill Emotiounen am Geriichtssall

Et gouf vill Tréine vun den Aenzeien. Bal alleguer soten, datt si sech matschëlleg fillen, well si hirer Meenung net genuch gemaach hate fir dem George Floyd säi Liewen ze retten.

Den 61-Joer-alen Charles McMillian war den éischten Aenzeien an huet alles mat eegenen Ae gesinn. Seng Tréinen am Geriichtssall ware schwéier ze erdroen. Hie gëtt vum Staat gefrot wat säi Gefill war. Seng Äntwert: "Ech war hëlleflos."

D'Procureuren hunn den Emotioune fräie Laf gelooss mee d'Experte sinn et, déi de Jury vum Derek Chauvin senger Schold kéinten iwwerzeegen. De Richard Zimmerman, e Veteran vun der Police zu Minneapolis, huet et onnéideg fonnt, de Knéi esou laang an d'Genéck ze drécken: "Ech gesi kee Grond firwat d'Polizisten a Gefor waren, an dat ass den eenzege Grond fir esou eng Taktik ze benotzen."

Affekot vum Chauvin ass d'nächst Woch drun

Den Affekot vum Derek Chauvin kritt d'Méiglechkeet all Zeien och auszefroen. Den Eric Nelson kënnt warscheinlech déi nächst Woch dru fir seng eegen Zeien opzeruffen. Si sollen dem Jury weisen, datt den George Floyd net ermort gouf, an éischter u Gesondheetsproblemer an un Drogen, déi a sengem Kierper fonnt goufen, gestuerwen ass.

Och wëllt hie weisen, datt den Ex-Polizist deen Dag genee dat gemaach huet, wat d'Police vu Minneapolis an esou engem Fall virschloe géif. E Verdikt ass net virum Enn vum Mount ze erwaarden.