Radioen

On air

Owesconcert  |  Trouvez l'intrus!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prozess ëm Crèche zu Bous: Urteeler ginn haut gesprach

Geriicht

Prozess ëm Crèche zu Bous: Urteeler ginn haut gesprach

Haut ginn d'Urteeler an der Affär ëm d'Mëssbrauchsfäll an der Crèche vu Bous gesprach. Der fréierer Responsabel vun der Crèche gëtt absichtlech Kierperverletzung u Kanner ënner 14 Joer virgeworf.

auto_stories

1 min

Foto: justice.lu (Archiv)

Lauschterenplay_arrow


De Parquet hat véier Joer Prisong an eng Geldstrof gefrot, den Affekot vun der Fra huet sengersäits e komplette Fräisproch gefrot.

D'Faite goungen op d'Joren 2014 bis 2017 hannescht, eng 20 Kanner an Alterskategorië bis véier Joer waren dee Moment an der Crèche ageschriwwen. D'Crèche war nodeems d'Virwërf bekannt goufen am Oktober 2017 zougemaach ginn.

Schwéier Virwërf

D'Fra kritt konkret virgeworf, Mataarbechterinne geschloen, gekraazt an un den Hoer gerappt ze hunn. D'Personal hätt dowéinst och an engem ganz héije Rhythmus gewiesselt.

D'Kanner wiere forcéiert ginn ze iesse bis se sech zum Deel iwwerginn hunn oder keng Loft méi kruten. Et wieren och Wëndelen net reegelméisseg gewiesselt ginn oder gebrauchter nees ugedoe ginn.

Déi fréier Directrice kritt dowéinst net nëmme Kierperverletzung virgeworf, mee si soll de Kanner och déi néideg Soine virenthalen hunn.