Et hätt een et mat enger interner Ëmstrukturéierung vum Immigratiounsministère ze dinn. De Ministère hätt de Barreau ugeschriwwen, fir an der Flüchtlingsstruktur vum fréiere "Centre de Logopédie" eng Permanence vun Affekoten z'organiséieren, erkläert de Frank Wies. Dat wier d'Viraussetzung fir eng méi séier Prozedur. Hie géif sech wënschen, datt och fir aner Demandeurs d'Asyl aus Syrien an dem Irak méi séier Prozedure géife gëllen.
Dem Barreau wier kommunizéiert ginn, datt Persounen aus de Länner vum Balkan duerch eng ultra-acceleréiert Prozedur ofgeschreckt solle ginn, fir op Lëtzebuerg ze kommen. Den Immigratiounsministère géif an deem Kontext vun der "Prozedur Balkan" schwätzen.
Niemandsland
Dernieft géif et Leit ginn aus Länner wéi Somalia oder dem Irak, déi kee Asylstatut kréien, déi wéinst Krich oder wéinst enger onstabiller politescher Situatioun awer och net zréck an hiert Land kënnen. "Dat si Leit, déi schwiewe während ee bis zwee Joer am "Niemandsland". Iergendwann géife si da vläicht regulariséiert ginn.
Aktuell kéimen d'Halschent vun den Demandë vu Persounen aus de Balkan Länner. Zanter 2013 steet de Kosovo op der Lëscht vun de sougenannte sécheren Drëttstaaten. 2011 war Serbien dropgesat ginn. Déi Lëscht gëtt et zanter 2007. D'Maghrebstaaten Tunesien, Algerien a Marokko gehéieren net zu deene Staaten, präziséiert de Frank Wies. Déi Länner géifen déi Leit dacks net zréck ophuelen, wa si zu Lëtzebuerg ofgewise ginn.
Déi nei ultra-acceleréiert Prozedur géif dorunner guer näischt änneren, seet den Affekot.
Luxexpo: eng hallef oppe Struktur
An Zukunft kommen an d'Luxexpo déi Leit, déi deboutéiert sinn, an zréck an hir Heemecht mussen.
Wann een do eng méi strikt Regelung wéilt aféieren, wéi an deenen anere Foyeren, da misst d'Gesetz geännert ginn. Dat wier bis elo net de Fall, seet de Frank Wies. Bis elo géif et just ee Centre de retention um Findel ginn. Den Immigratiounsministère bräicht eng Permanence vun den Affekoten, fir datt déi Prozedur iwwerhaapt machbar ass.