Déi innepolitesch Kris an Israel huet sech weider zougespëtzt, no der Entloossung gëschter vum Verdeedegungsminister Galant. Hien hat gewarnt, datt d'Sécherheet vum Land um Spill stéing, well Reservisten aus Protest géint d'Justizreform net ugetruede sinn. Eng Rei Buergermeeschter hunn een Hongerstreik ugefaangen.
Gewerkschaften hunn ee Generalstreik ugekënnegt
Kritiker warnen, datt déi geplangte Reform vun der riets-reliéiser Regierung d'Demokratie an d'Rechtsstaatlechkeet an Israel menacéiert.
Den Daachverband vun de Gewerkschaften an Israel huet de Moien e Generalstreik ugekënnegt, fir de Fall, datt de Premier kee Stopp vun de Reformpläng géif annoncéieren. Um internationale Fluchhafe Ben Gurion gouf den Depart vun alle Flich gestoppt.
Zu Tel Aviv haten hënt op een neits Zéngdausende Mënsche protestéiert, géint déi ëmstridde Justizreform, a géint d'Entloossung vum Verdeedegungsminister. Bei de Protester koum et zu Tëschefäll mat Gewalt. De Moie sinn d'Protester ënner anerem virum Parlament zu Jerusalem viru gaangen.
Israeelesche President Herzog wëll d'Reformpläng stoppen
Den israeelesche President Herzog hat de Moie fréi d'Regierung opgeruff, d'Reformpläng ze stoppen.
Duerch dës Reform géif den Afloss vum héchste Geriicht an Israel reduzéiert ginn, an d'Positioun vun der Regierung zu Laaschte vun enger onofhängeger Justiz gestäerkt ginn. Dogéint gëtt zanter Méint protestéiert. Och international hunn dës Pläng Kritik ausgeléist. D'US-Regierung huet sech déif besuergt gewisen, an huet e Kompromëss gefuerdert.
Wéinst den Entwécklungen an Israel gouf d'Arméi an Alarmbereetschaft gesat. Sécherheetsexperten hu gewarnt, datt Feinde vun Israel - wéi den Iran oder d'Hisbollah - déi aktuell Kris fir Attacken op d'Land kéinten notzen.