Radioen

On air

Espresso Beats  |  Richard & Linda Thompson - When I Get To The Border

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Protester am Nordirak: De Kaméidi ënner der Uewerfläch

Noen Osten

Protester am Nordirak: De Kaméidi ënner der Uewerfläch

Schonn zanter iwwer 100 Deeg demonstréieren d'Mënschen am Irak géint hir Regierung. Aktiviste fäerten, datt de Konflikt, deen zouhëlt tëschent dem Iran an den USA op irakeschem Buedem hir Demanden an den Hannergrond verschwanne léist. Esou goufen et leschte Freideg erëm Demonstratiounen zu Bagdad an an de schiitesche Provënzen aus dem Süden. Och an de sunnitesche Provënzen am Nordirak wëllen d'Meschen de politesche Wiessel, wat op eng rar Eenheet ënner dem irakesche Vollek hindeit.

auto_stories

3 min

Foto: picture alliance Photoshot

"Ech si selwer bis op Bagdad gefuer, fir un de Protester deelzehuelen, op der Plaz Tahrir. Ech kann déi Gefiller vu Freed guer net a Wierder faassen, déi ech gespiert hunn, wéi ech erlieft hunn, wéi mir als irakescht Vollek, also all déi verschidden Ethnien a reliéis Gruppen, zesumme manifestéiert hunn, mat enger gedeelter Visioun fir den Irak."

De Sami ass e jonken Aktivist aus der Stad Mosul, am Nordirak. Hie schafft normalerweis an engem Spidol, mee zanter dem Ufank vun den Demonstratiounen, also zanter Oktober 2019, ass hien och ëmmer méi un d'Protestaktioune bedeelegt.

D'Manifestatiounen zu Bagdad zeechne sech doduerch aus, datt eng ganz breet Tranche vun der Populatioun participéiert - d'Mënschen hu ronderëm gemeinsam Fuerderungen zesummefonnt: Manner Korruptioun, d'Verdeedege vun den nationalen Interessen an net déi vun de verschidde Groussmuechten, déi am Irak present sinn.

Angscht viru Chaos an Terrorismus

Datt de Sami net zu Mosul selwer op d'Strooss gaangen ass, huet seng Grënn. D'Mënschen aus dëser Stad, déi wärend dräi Joer duerch d'Terrororganisatioun Islamesche Staat besat war, fäerte Chaos.

Et hätt hinnen immens Leed gedoen, datt si als Awunner vu Mosul net an hirer eegener Stad hätte kënne manifestéieren, well d'Stad sech nach net vum Krich géint den IS erholl.

"Mir erënneren eis gutt dorunner, wat am Joer 2014 geschitt ass, wou mir eraus op d'Strooss gaange si fir géint d'Regierung ze manifestéieren, géint d'Aart a Weis wéi mir als sunnitesch Communautéit vun der Regierung diskriminéiert ginn. Den IS huet dës Protester genotzt fir eran an d'Stad ze kommen. De Recht vun der Geschicht ass bekannt."

Och wann d'Mënschen am Norden den iraneschen Afloss op déi irakesch Regierung immens kritesch gesinn, gi si dovun ofgehalen, hir politesch an zivil Rechter auszeliewen, seet de Sami. De Geheimdéngscht géif d'Populatioun och op soziale Medie staark ënner d'Lupp huelen. Immens vill Leit hätte sech iwwer den Doud vum Kassem Soleimani gefreet. "Ech hunn héieren, datt d'Sécherheetsdéngschter un de Checkpointen an der Entrée vun der Stad och de Leit hir Handyen duerchkucken, fir erauszefannen, ob si sech op soziale Medie gefreet hunn", sou de Sami.

Angscht virun engem Stellvertriederkrich

Kritesch gesinn d'Mënschen aus dem Norden och déi rezent Decisioun vum irakesche Parlament, déi amerikanesch Truppen aus dem Land ze bieden. Dës Entscheedung hält de Sami fir parteiesch an oniwwerluecht.

An där Parlamentssëtzung vum Parlament wier bal nëmme Schiitte present gewiescht a bal keng Kurden oder Chrëschten. "Esou spigelt dës Entscheedung net de Wëlle vum irakesche Vollek erëm. Menger Meenung no ass dës Entscheedung immens geféierlech a geet géint d'Interesse vum Vollek."

Well fir d'Mënschen aus dem Norde vum Land ass et virun allem wichteg, datt hir Géigend sécher ass, fir datt Organisatioune wéi den IS kee Fouss méi an dëser Géigend faasse kennen. D'Populatioun fäert och e Stellvertriederkrich tëscht dem Iran an den USA am eegene Land, deen d'Reconstructioun vun hirer Stad, déi deelweis bis haut nach an Trëmmer leit, nach emol ofbremse kéint.