No der Covid Pandemie sinn 2021 d'Avertissements taxés an d'Protokoller am Stroosseverkéier wéinst Vitess an Alkohol däitlech eropgaangen. Wärend de Covid-Méint, wou wesentlech manner Mouvementer op de Stroosse waren, sinn net deementspriechend manner Verstéiss an Accidenter gezielt ginn.
Irresponsabelt Verhalen hëllt zou
Au contraire, sinn déi lescht zwee Joer déi méi schlëmm Verstéiss op en Niveau geklommen, wou si virum Covid ni waren.
Allgemeng muss ee feststellen, datt d'Hemmschwell fir dës schlëmm Verstéiss ofhëlt an datt déi Minoritéit vun de statistesche "valeurs aberrantes ", also déi, déi vun deem sougenannten Normalverhalen ofwäichen, méi grouss gëtt.
Och méi banal, awer dofir net manner geféierlech an irresponsabel Verhalen huelen zou. Oder si falen elo mol richteg op. Déi dausende Fäll, wou a kierzester Zäit d'Roud-Luucht-Radaren ausgeléist goufen, si schockant. Obwuel et laang a breet mediatiséiert a kommentéiert gouf a jo schliisslech och Panneauen do stinn, fir d'Leit drop opmierksam ze maachen.
De Begrëff "Radarfal", dee sou gären an esou genësserlech gebraucht gëtt, ass deemno och komplett dernieft. Well de Radar an déi erlaabte Vitesse laang am Viraus ugekënnegt sinn. Souguer déi mobil Kontrolle ginn iwwer Radio an Navi gemellt. Vu Fale kann also guer net geschwat ginn.
Police kann net sanktionnéieren
Déi méi schlëmm Verstéiss si mat de Moyenen, déi der Police haut zur Verfügung stinn, net méi an de Grëff ze kréien. Wat bei eisen Nopere scho laang gemaach gëtt, ass hei net méiglech.
D'Police ka mol net aus dem Auto eraus blëtzen, nëmme statesch Kontrolle si méiglech. Vu filmen ass mol guer net ze schwätzen.
Bei eise franséischen an däitschen Nopere ginn ënner anerem op der Autobunn geféierlecht Iwwerhuelen, riets Iwwerhuelen, Ausbremse vun deem Hannendrun an Hannerzegfuere gefilmt, an dann dem Chauffer gewisen, fir him ze weisen, wéi eng Gefor hie fir déi aner ass. Plus d'Sanktioun natierlech. Bei eisem CITA System sinn esou Situatiounen och gutt ze gesinn. Déi Biller duerfen awer net benotzt ginn.
Bei eis gëtt een zwar op all Bankomat, am Supermarché, am Parking oder einfach op ëffentleche Plaze gefilmt, mee am Stroosseverkéier, wou et ëm Mënscheliewe geet, spillt op eemol den Dateschutz. An dobäi géingen hei nëmmen déi Leit erfaasst a sanktionéiert ginn, déi och eng reell Gefor duerstellen.
Prioritéite setzen
Natierlech ass et kee flotte Gedanken, op Schratt an Tratt gefilmt ze ginn, wat wéi gesot scho laang Usus ass. Natierlech muss d'Privatsphär geschützt ginn. Mee virum Schutz vum Privatliewe muss awer de Schutz vum Liewen tout court kommen. An do géif dat Gesetz, dat mir elo scho fir d'Radaren hunn, duergoe fir déi néideg Garantien ze bidden a gläichzäiteg eng méi rigouréis an effikass Repressioun a Preventioun vun Delikter a graven Delikter ze erlaben.
Wann ee kuckt, wéi bedenkenlos de modernen an duerchsiichtegen E-Bierger säi Privatliewen den Algorithmen zur Analys virun d'Féiss gehäit, muss ee sech froen, wou dee Widderstand géint Kameraen am Stroosseverkéier hierkënnt, an den Hänn vu vereedegte Beamten a vum Legislateur garantéiert géint Abusen.
Do stëmmen d'Prioritéiten einfach net méi!
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.