Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dandelion Head - Love On Your Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Projet fir Sammelkloe bis Enn 2019

Konsumenteschutz

Projet fir Sammelkloe bis Enn 2019

Bis Enn 2019 soll e Gesetzesprojet fir d'Aféiere vu Sammelkloe stoen, seet déi zoustänneg Ministesch Paulette Lenert. Och de Projet fir d'Schafe vun der geplangter Fachverwaltung fir de Konsumenteschutz soll bis Enn dës Joers deposéiert ginn.

auto_stories

2 min

Paulette Lenert

D'Aféiere vu Sammelkloen ass als konkret Mesür am Regierungsprogramm virgesinn an d'Aarbechten un deem Projet géifen aktuell gutt viru kommen, seet d'Ministesch. "Informell Consultatioune sinn am Gaang geféiert ze ginn. An dat ass och ee konkrete juristesche Projet dee wäert bis Enn des Jores stoen", sou d'Paulette Lenert.

Fir dat geplangt Gesetz iwwer d'Sammelkloe wëll Lëtzebuerg sech un der entspriechender EU-Direktiv inspiréieren. Ob d'Gesetz zu Lëtzebuerg iwwer de Konsumenteschutz eraus och fir Beräicher wéi Ëmwelt oder Gesondheet soll opgemaach ginn, konnt d'Paulette Lenert nach net soen.

"A voir, ob an där leschter ligne droite eng Méiglechkeet ass fir doriwwer erauszegoen... Dat si Consultatiounen, déi den Ament bannent der Regierung lafen."

Konsumenteschutz: "Proppere Programm" bis Enn 2019

Am Kader vum Konsumenteschutz sollen am Oktober Consultatiounsronne mat de Bierger lancéiert ginn. De Fokus soll do virun allem op jonk Konsumente geluecht ginn, seet d'Paulette Lenert.

"Mir sinn een neie Ministère, mir projezéieren eis an d'Zukunft an do fannen ech et ganz wichteg och eng Kéier een Ouer ze hu wat sou d'Suerge si vun eise jonke Leit."

D'Ministesch geet dovun aus, datt de Ministère da bis Enn 2019 "den Tour gemaach hätt" an dann och e "propperen Aarbechtsprogramm" fir déi nächst Jore kann opstellen, deen déi entspriechend Prioritéite virgesäit, déi ausgeschafft goufen.

Ufanksphas war virun allem vun administrativer Aarbecht gepräägt

D'Paulette Lenert ass als Quereinsteigerin fir d'LSAP an d'Regierung komm a wier elo - no bal engem Joer - an hirer Roll als Ministesch ukomm. Et wier der Paulette Lenert no och definitiv néideg gewiescht, fir een eegestännege Konsumenteschutzministère ze schafen.

Dat éischt Joer vum neie Ministère wier staark vun administrativen Aarbechte gepräägt gewiescht. Mëttlerweil géif de Ministère ronn 35 Leit zielen, wann een d'Kommissariat fir d'Sécherheet, d'Qualitéit a géint de Bedruch bei Liewensmëttel géif dobäizielen.