Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nikki Ninja - Eureka

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prognose fir d'Exitstrategie

Déconfinement

Prognose fir d'Exitstrategie

Wéi vill méi Infektioune mam neie Coronavirus bréngen d'Ouverture vun de Chantieren, de Butteker oder Schoule mat sech? A wéi séier kéint de Gesondheetssystem iwwerlaascht ginn, jee nodeems wéi staark een de Confinement nees entschäerft? Nach ginn dozou hei am Land keng Prognose publizéiert. Mee ee Grupp vu Fuerscher hei am Land schafft dorunner, fir op déi Froe méiglechst prezis statistesch Äntwerten ze ginn. D'Pia Oppel huet sech mat engem vun hinnen, dem Alexander Skupin vun der Uni Lëtzebuerg, ënnerhalen.

auto_stories

6 min

D'Bruttoinlandsprodukt (PIB) war gëschter. An Zäite vu Corona ass déi sougenannt "effektiv Reproduktiounszuel" deen Indicateur, deen d'Politik am Bléck muss halen. Gemengt ass d'Zuel vu Leit, déi eng mam neiaartege Coronavirus infizéiert Persoun als nächst ustécht.

"Reproduktiounszuel" als zentralen Indicateur

Wéinst dem Confinement konnt déi Zuel a ville Länner, och zu Lëtzebuerg op eent oder liicht ënner eent gedréckt ginn. Heescht: Een Infizéierte stécht am Duerchschnëtt héchstens eng weider Persoun un.

Momentan géif ee gesinn, datt d'Populatioun zu Lëtzebuerg et fäerdeg bruecht hätt, fir d'Reproduktiounszuel ënner eent ze drécken, esou datt een elo "hoffentlech" an déi nächst Phas antriede kéint an där ee lues a lues nees zu der Normalitéit zeréck komme kann.

Wat et bedeit, wann déi Zuel nëmme liicht nees klëmmt, hat d'Bundeskanzerlin Angela Merkel d'lescht Woch esou erkläert:

"Schon wenn wir annehmen, dass jeder 1,1 Menschen ansteckt, wären wir im Oktober wieder an der Leistungsgrenze unseres Gesundheitssystems mit den angenommenen Intensivbetten angelangt. Wenn wir von einem Wert von 1,2 ausgehen, also dass jeder 20 Prozent mehr Menschen ansteckt beziehungsweise von fünf Menschen einer zwei weitere Menschen ansteckt und vier einen weiteren Menschen anstecken, kämen wir schon im Juli an die Belastungsgrenze unseres Gesundheitssystems. Bei einem Wert von 1,3 - das hört sich nicht nach viel an; wir kommen ja von einem Wert von 3 bis 5 Ansteckungen - wären wir schon im Juni an der Belastungsgrenze unseres Gesundheitssystems. Daran sehen Sie also, in welch Kleinem Spielraum wir uns aufhalten."

Déi Lëtzebuerger Regierung huet hir Exit-Strategie mat éischte Lackerungsmesuren am Bausecteur, respektiv a weidere Phasen och an de Schoulen a Crèchen annoncéiert. Awer ouni z'erklären op wéi enge Berechnungen dës Decisioune baséieren. Wat net heescht, datt esou Berechnungen net gemaach ginn. Mat dorunner schafft de Physiker vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine op der Uni Lëtzebuerg, den Alexander Skupin.

D'Fuerscher géifen an hiren Analysen kucken, wéi verschidde Reproduktiounszuelen zu verschiddene Situatiounen zu Lëtzebuerg féiere kéinten. Speziell géif een dobäi d'Zuel vun de Patienten an d'Ae fassen, déi op der Intensivstatioun sinn. De Problem wier, datt déi aktuell Datelag nach keng sécher Previsiounen erlabe géifen, sou de Fuerscher.

Vun der Infektioun zur Hospitalisatioun

De Rapport tëscht Nei-Infektiounen a spéideren Hospitalisatioune wier dobäi eng "essentiell Gréisst", seet den Alexander Skupin. Mee den Undeel vu Leit, déi pro konfirméierter Infektioun hospitaliséiert ginn, ass elo manner niddreg ewéi nach virun engem Mount: Well méi getest gëtt.

"Wir haben natürlich diese Werte berechnet. Aber für die verschiedenen Teststrategien fallen sehr unterschiedlich aus. Deswegen kann man nicht eine Zahl angeben, sondern man muss immer die Umstände mit angucken."

"Tëscht Hurricane-Warnung a Klimawandelprognos"

Den Alexander Skupin ass op Theoretesch Biophysik spezialiséiert, mee hien ass keen Epidemiolog. D'mathematesch Methodik wier awer déi nämmlecht wéi soss fir seng Recherche um Centre for Systems Biomedicine. Nei wier, datt esou vill Parametren net bekannt wieren, well de Virus nei ass a spezifesch Ëmstänn bei Epidemien ëmmer eng grouss Roll géife spillen. Mee och aner Fakteure géifen eng Roll spillen, sou den Alex Skupin:

"Das sind dann soziologische Umstände, also: Wie verhalten sich Menschen in der Gesellschaft zueinander? Gibt es mehr Interaktion, gibt es weniger Interaktion? Wie reagieren Menschen darauf, wenn die Regierung sagt, wie sollen Social Distancing machen? Was eben auch wieder von Kultur zu Kultur sehr verschieden ist."

D'Komplexitéit vun der Modelliséierung kéim och duerch de Besoin no kuerz- a laangfristege Prognosen:

"Im Endeffekt ist diese Epidemie-Analyse wie eine Mischung zwischen einer Hurricanewarnung und einer Klimawandelprognose. Weil wir einerseits die Komplexität von diesen beiden Systemen haben. Und weil wir kurfristige Aussagen treffen müssen, damit wir wissen, wen fir warnen müssen. Und lanfristig - und klimawandelähnlich - ist, dass wir diese Interaktion zwischen den sozialen Interaktionen und dem Krankheitsverlauf haben."

Sektoriell Analys

Ob d'Exit-Strategie vun der Regierung realistesch ass - an d'Crèchë beispillweis wierklech Enn Mee nees kënnen opmaachen, wëllt de Chercheur net kommentéieren. Hie seet just: Fir datt d'Situatioun net ausser Kontroll geréit, misst een den Deconfinement schrëttweis maachen, an an all Secteur déi jeeweileg Entwécklung am A behalen.

"Im Prinzip ist auch das genau das, was wir momentan tun. Wir versuchen sektorenspezifische Vorhersagen zu treffen. Also wie wirkt sich eine Lockerung jetzt zum Beispiel bei den Schulen aus, wenn wir dann die Verbindung von den Schülern in ihren Haushalten und dann möglicherweise von den Haushalten in verschiedene Firmen, die wir uns angucken. Das ist momentan unser Schwerpunkt. Mit dem wir hoffen, dass wir jetzt versuchen können die verschiedenen Maßnahmen, die ergriffen worden sind, besser zu charakterisieren. Und dann auch Möglichkeiten zu finden, inwiefern man verschiedene Maßnahmen eben lockern kann."

Zu de ville Parameteren, déi eng Roll spillen, gehéiert och d'Droe vu Masken an der Ëffentlechkeet.

"Das ist eine sehr relevante Größe und eine sehr relevante Maßnahme. Die Reproduktionszahl bezieht die sozialen Interaktionen und das Infektionsrisiko mit ein. Und Masken können einen sehr essentiellen Beitrag dazu leisten, dass das Infektionsrisiko verringert wird. Um das genau zu charakterisieren gibt es aus verschiedenen Ländern verschiedene Werte. Und da sind wir dabei diesen Parameterbereich abzuscreenen, um zu sehen inwieweit dieses Maskentragen dazu beitragen kann, die Epidemie einzudämmen."

Besser Datelag, méi Transparenz

Fir besser Prognose kënnen ze maachen, wéi eng Mesure wéi een Impakt op d'Verbreede vum Virus huet, a wéi genau eng erfollegräich Exit-Strategie kéint ausgesin, wier nach eng besser Datelag néideg.

"Das ist sowieso momentan das Große Manko das wir, glaube ich, momentan haben. Dass wir zwar so etwas wie Hurricane-Warnungen machen sollen. Aber bei Hurricanes haben wir dann tolle Satellitenbilder, mit denen wir dann minutengenau den momentanen Status abrufen können. In der Coronakrise haben wir momentan eben nur sehr spärliche Daten. Deshalb sind die Vorhersagen momentan auch noch mit großen Unsicherheiten belegt. Wir hoffen, dass wir in den nächsten Wochen eine verbesserte Datenlage bekommen, dass wir auch eine Aussage dazu haben, wie viele Menschen schon immun sind. Und wie viele Menschen vielleicht schon infektiös sind, ohne irgendwelche Symptome aufzuzeigen. Das sind momentan die beiden Kenngrößen, die wir brauchen, um unsere Vorhersagen zu verbessern."

Bis elo ginn d'Prognosen an Erkenntnisser vun de Wëssenschaftler just der Politik, mee net dem breede Public matgedeelt. Et hätt een elo eng Zäit gebraucht, fir ze gesinn, ob d'Prognosë verlässlech sinn, seet dozou den Alexander Skupin. Hie geet dovun aus, datt d'Kommunikatioun an den nächsten Deeg a Woche verbessert gëtt an datt dann och méi konkret Prognosen an der Ëffentlechkeet wäerten erkläert ginn.