Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Suchtverband: Et stelle sech eng Partie Froen

Cannabis Reglementéierung

Suchtverband: Et stelle sech eng Partie Froen

De "Suchtverband Lëtzebuerg" begréisst prinzipiell, datt d'Regierung den Ubau vu rekreativem Cannabis fir den Eegekonsum wëll erlaben - och wa sech bei der Ëmsetzung nach ganz vill praktesch Froe géife stellen. Am Suchterverband sinn d'Acteuren aus dem Beräich vun der Drogenhëllef a -preventioun zesumme geschloss. Dem President vum Suchtverband no, sollt et d'Zil bleiwe fir Produktioun, Verkaf a Konsum vum Cannabis ze reglementéieren.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / cendeced

Lauschterenplay_arrow

Fir de René Meneghetti hunn de staatlech kontrolléierte Produktiouns- a Verkaafssystem eng Rei Virdeeler: De Schwaarzmaart géif schrumpfen, an d'Qualitéit vum Cannabis kéint kontrolléiert ginn. Mam elo geplangten neie Kader fir den Ubau vu Cannabis doheem, ass dat net méiglech. Trotzdeem hält de President vum Suchtverband d'Demarche vun der Regierung fir ee sënnvollen éischte Schrëtt - net just fir Sträit mat den Nopeschlänner ze evitéieren, mee och fir d'Substanz aus der Tabuzone erauszekréien a méi ëffentlech a méi fachlech reflektéiert iwwer dat Theema ze schwätzen.

Weider Prezisiounen néideg

Fir déi praktesch Ëmsetzung wier dann zum Beispill ee klore Kader fir de Verkaf vu Cannabis-Som néideg.

"Wann een dat de Leit iwwerléisst, datt se dat an der Welt kënne bestellen, do gëtt et och ganz staark THC-Qualitéitsënnerscheeder - da misst dat schonn hei zu Lëtzebuerg och reglementéiert ginn. Fir datt ee weess, wéi eng Planzen hei um Maart legal ze kafe sinn."

Datt ee Menage bis zu véier Planzen dierf ubauen, gesäit de President vum Suchtverband méi kritesch. Mat véier Cannabisplanze kéint ee bis zu 2 Kilogramm Cannabisbléien ubauen, wat iwwer d'Joer gekuckt engem Gramm pro Dag géif entspriechen. "Do si mir net méi am rekreative Konsum", sou de René Meneghetti.

De Suchtverband fuerdert eng grouss Informatiounscampagne fir d'Allgemengheet iwwer ee responsabelen Ëmgank mam Cannabis opzeklären. Wichteg wier zum Beispill, datt d'Kanner geschützt ginn, wann doheem Cannabis konsuméiert gëtt. D'Offer fir Leit opzefänken, déi ee problemateschen Ëmgank mat enger Drog oder eng Sucht entwéckelen, misst dem René Meneghetti no iwwerdeems ausgebaut ginn.