Lëtzebuerg, Däitschland a Malta hu sech an enger gemeinsamer Resolutioun d'Wuert ginn, op deem Wee zesummen ze halen. Wat eist Land ubelaangt, gëtt et elo och eng prezis Zäitschinn: bis Enn dës Joers soll eng Etüd geneeën Opschloss iwwer de Cannabis-Konsum hei am Land ginn. Dee präzisen Iwwerbléck iwwer all d'Facettë vum Cannabis-Konsum ass den Ausgangspunkt fir déi nächst Etappen, sou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert.
Als nächst gëtt dann e legale Kader fir medezinesche Cannabis gesat, mat deem och d'Produktioun zu Lëtzebuerg soll erméiglecht ginn. Dono soll och eng Productiouns- a Verkafschaîne méiglech gemaach gi fir den net-medezinesche Cannabis.
"An och dat wëlle mer nach am nächste Joer nach finaliséiert ze kréien, datt mer och do e Projet de loi nach kënnen deposéieren am Joer 2023."
Schonn deposéiert ass jo de Projet de loi, deen et erlaabt, véier Cannabis-Planze bei sech doheem unzebauen.