Net alles wier schlecht un der Reform vum Adapto, seet d'Pascale Link, Presidentin vun der AMVA a Grënnerin vum Adapto-Service, mee hätt dozou bäigedroen Abusen ze verhënneren. Just nach déi Leit, déi eng Kaart kruten, géifen de Service och brauchen.
Eng 80 Prozent vun den Demanden, déi iwwer den neie Formular ugefrot goufen, sinn accordéiert ginn, preziséiert den Transportminister François Bausch an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro.
Doleancë vun de Clienten
D'Pascale Link weist op Problemer um Terrain hin: Chauffer a Clientë géifen dacks ënnerschiddlech Auerzäite gesot kréien. Et wieren och Fäll ginn, bei deenen eng behënnert Persoun net méi heem komm wier, wann et bei engem Rendez-vous gréisser Retarde gouf. De Chauffer dierft nämlech just zéng Minutte waarden.
"A wann de Retard méi laang ass? Da hunn ech gefrot: "Wat maache mir dann?" Da krut ech carrement geäntwert, dann hätte mir Pech."
Déi concernéiert Persoun hätt den Dag selwer keen Trajet mam Adapto méi kënne buchen.
Weider kritiséiert d'Pascale Link, datt Notzer vum Adapto-Service just ee Kand um Trajet kënne mathuelen. Dat misst onbedéngt iwwerduecht ginn, fuerdert d'Presidentin vun der AMVA: verschidde Leit hätte méi Kanner.
D'Zuel vun den Trajete mam Adapto-Service ass limitéiert, mee dat géif bei verschidde Leit net opgoen: si bräichten der méi.
Schwieregkeete fir d'Chaufferen
Vill Doleancë kéime virun allem vu Säite vun de Chaufferen: et géif virkommen, datt e puer Busse komme fir Clientë vun der selwechter Adress op déi selwecht Destinatioun ze bréngen, oder datt ee Bus aus dem Norde geruff gëtt, fir Leit aus dem Süden ze transportéieren.
Grad bei Trajeten zu méi géifen et nach vill Onkloerheete ginn an et kéim zu laange Waardezäiten, erzielt d'Presidentin vun der AMVA. Si begréisst awer, datt eng speziell Telefonsnummer fir d'Buschaufferen offréiert soll ginn. Momentan misste si bei Froen oder Problemer nämlech op déi selwecht Nummer uruffe wéi Clienten, an déi Zentral wier immens iwwerlaascht.
D'Pascale Link hofft op en oppent Ouer vum Transportministère fir Problemer um Terrain unzegoen. Deemnächst wéilt si déi Doleancen dem Transportminister François Bausch virdroen. Bis ewell gouf kee Bilan mat den Erfarunge vun der Clientë gemaach.