Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Probéieren alles fir eise Gesondheetssecteur esou staark wéi méiglech ze maachen"

Declaratioun vun der Gesondheetsministesch

"Probéieren alles fir eise Gesondheetssecteur esou staark wéi méiglech ze maachen"

81 Persoune goufe bis elo zu Lëtzebuerg positiv op de Coronavirus getest, esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. De Gesondheetsministère wëllt vu muer un all Dag um 9 Auer moies en neie Bilan vun de confirméierten Infektioune verëffentlechen. Vun den 81 Persounen, bei deenen d'Covid-19-Krankheet nogewise gouf, wieren zéng Leit hospitaliséiert, preziséiert d'Paulette Lenert op hirer Pressekonferenz.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschterenplay_arrow


"Mir probéieren alles ze maache fir eise Gesondheetssecteur esou staark wéi méiglech ze maachen", seet d'Paulette Lenert. E Spidolsdirekter misst och kënne senge Mataarbechter soen, datt si trotz engem geplangte Congé missten an den Asaz, esou d'Ministerin.

Si widderhëllt hiren Appell un déi vulnerabel Leit fir sou wäit wéi méiglech doheem ze bleiwen: "Halt Iech dobannen, kuckt no Iech", esou den Opruff. Si mécht och en Appell un d'Disziplin fir sech un d'Recommandatiounen ze halen: "Et geet elo drëm sérieux ze sinn. Ech wënsche mir, datt mir dat hei am Land hikréien, an datt mir net nach méi Mesurë mussen decidéieren, dat wier traureg". Vu muer u wieren och Policekontrolle fir ze iwwerpréiwen, ob déi verschidde Mesurë respektéiert ginn.

D'Gesondheetsministerin seet, datt et och nach vill ze kläre gëtt. Et misst séchergestallt ginn, datt alles dat, wat néideg ass, weider fonctionéiert, fir datt d'Gesellschaft ka fonctionéieren.

Well d'Hotellen esou gutt wéi eidel stinn, kënne Frontaliere "mat hire Famille bei eis wunne kommen", esou d'Paulette Lenert. Dat wier eng nei Iddi, vun där een nach net wéisst, wat se géif bréngen, mee d'Familljeministerin géif dru schaffen.

D'Ministerin schléisst weider Verschäerfunge vun de Mesuren net aus.

D'Paulette Lenert huet erkläert, datt d'Regierung en Arrêté geholl huet op Basis vun engem Gesetz vun 1885 fir déi aussergewéinlech Mesuren, déi an de leschten Deeg decidéiert goufen. "Mir hunn eng legal Basis fonnt", seet d'Ministerin. Dësen Arrêté gëtt der Gesondheetsministesch d'Befugnisser fir all néideg Mesuren ze ergräifen, déi an esou enger sanitärer Kris musse geholl ginn.


Weider Informatiounen, wéi ee sech a seng Matmënsche ka schützen fannt dir um Site vun der Santé.