Den DP-Minister kann dofir net verstoen, firwat et esou vill Opreegung ronderëm d'Propos gouf fir d'Direkteren aus der Hotels- an Akerbauschoul aus privaten Entreprisen kënnen ze rekrutéieren. Och d'Diskussioun ronderëm privat Sécherheetsleit an der Stad hält de Marc Hansen fir iwwerdriwwen.
"Ech géif et jo nach kenne verstoen, wann et elo eng Diskussioun wär, wou et drems geif goen d'Police ofzebauen, an lauter Privater fir déi Missiounen anzestellen. Da kéint ee jo déi Diskussioun verstoen. Awer net well hei lo sechs Leit iwwer d'Gare trëppelen, wat um Chrëschtmaart de Fall war, wat op der Schueberfouer de Fall war. Déi Leit géife souwisou elo iwwer de Chrëschtmaart trëppelen, wann et ee géif ginn dëst Joer."
E "Prezendenzfall" fir d'Fonction publique wier dat net, sou de Marc Hansen. Vu 60 Administratiounen mat Direktiounsposten - dorënner d'Nationalbibliotheik, Nationalarchiven, d'Ponts-et-Chaussées, d'Steierverwaltung, de Geheimdengscht, den Haut Commissariat à la protection nationale - déi hie sech gëschter ugekuckt hätt, wieren elo schonn 48 Fonctions dirigeanten op fir de Privatsecteur.