Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Privat Sécherheetsfirme sollen och erëm am Garer Quartier an den Asaz

Stad Lëtzebuerg

Privat Sécherheetsfirme sollen och erëm am Garer Quartier an den Asaz

Vum nächste Joer u solle privat Sécherheetsagenten nieft der Uewerstad och nees am Garer Quartier an zu Bouneweg patrulléieren. Am Budgetsprojet 2023 vun der Haaptstad iwwert deen de Méindeg ofgestëmmt gëtt, si 600.000€ virgesinn fir privat Sécherheetsfirmaen. Déi nei Ausschreiwung soll Ufanks Januar erausgoen, heescht et vun der Stater Gemeng. De Policeminister weist sech iwwerrascht iwwer des Decisioun.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Den Henri Kox bedauert, datt hien dat aus der Press gewuer ginn ass, obwuel hien d'Vertrieder vun der Stater Gemeng nach dëslescht am Comité de Concertatioun gesinn hätt. D'Police wier méi present op der Gare a géif hir offensiv Preventioun maachen. Fir d'Sécherheet weider ze verbessere wier een och mat engem Mesurëpak géint Drogekriminalitéit amgaang an et géif massiv bei der Police rekrutéiert ginn, sou de Policeminister.

180 Police-Agente si schonn um Terrain, 200 weiderer an der Ausbildung. De Moment géif wier een amgaangen 200 nei Polizisten ze rekrutéieren, déi den éischte Mee kéinten ufänken.

D'Lydie Polfer wënscht sech weider méi Police-Presenz

De politesche Wëlle wier gewëss do, et géif awer nach dauere bis déi Leit ausgebilt wieren, gëtt d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer ze bedenken. Well net nëmmen nei Poliziste géifen agestallt ginn, mee och Politziste géifen an d'Pensioun goen, kéint et bis zu zwee Joer daueren, bis een dat Opstocken um Terrain spiert, sou d'Stater Buergermeeschterin.

"Ech menge mir hätten am Léifsten et wier nach vill méi Polizei eben am ëffentleche Raum. Dat ass natierlech, déi kënnen am effikasste virgoen, wa se och eppes gesinn. Mee wéi gesot dat dauert eben nach. Déi sinn nach net do."

Stater Geschäftsverband: Situatioun huet sech weider verschlechtert

An dat kréien och d'Geschäftsleit op der Gare ze spieren. D'Situatioun ronderëm d'Gare hätt sech weider verschlechtert, mengt d'Presidentin vum Stater Geschäftsverband Mireille Rahmé-Bley.

"Et si ganz vill Volen, Degradatiounen, an ech mengen et ass ganz kloer d'Aarbecht vun der Police fir do ze kucken, datt alles gutt ass."

De Garer Quartier kéint sech net erlaben nach e puer Joer op déi ugekënnegt Polizisten ze waarden.

Missioune vu private Sécherheetsfirme méi kloer encadréieren

Déi privat Sécherheetsagente géifen net d'Roll vun der Police iwwerhuelen, mee wann d'Leit sech doduerch méi sécher géife spieren, da wier dat eng gutt Saach, sou nach d'Presidentin vun der UCVL. Fir d'Delimitatioun tëscht privater an ëffentlecher Sécherheet méi kloer ze maachen, huet d'Justizministesch am Juni dëst Joer e Gesetzesprojet deposéiert an deem d'Missioune vun de Sécherheetsagente méi prezis sollen definéiert ginn.